Pride Week 2020

 
Zanter dem 4. Juli feiert d’LGBTIQA+ Community déi éischt digital Luxembourg Pride. Lëtzebuerg huet an de leschte Jore vill Efforte gemaach. Dozou zielen de Same-Sex Mariage zanter 2015 an d’Vereinfachung vum Ännere vum État civil a vum Numm fir Transgender an Intersex Persounen. An trotzdeem ginn et nach e puer Etappen ze iwwerwältegen, wéi zum Beispill d’Ophiewe vum Verbuet fir Bluttspende vun Homosexueller.
 
Mee et gëtt net iwwerall op der Welt e Grond fir ze feieren. Wa mir bis elo eng Welt kannt hunn, wou et lues a lues méi LGBITQA+ Rechter gouf, sou wëllen elo vill riets-populistesch Regierungen d’Auer zréck dréinen an déi ganz Communautéit erëm méi ënnerdrécken.
 
An den USA ginn Transpersounen ënnert dem aktuelle President systematesch diskriminéiert. D’Trans Persounen dierfen opgrond vun hirer Gender Identity vum militäreschen Déngscht ausgeschloss ginn an den Diskriminéierungsschutz am Gesondheetssystem gouf opgehuewen, an anere Wieder: en Dokter dierf säin Déngscht un enger Trans Persoun verweigeren an dat bei all medezineschem Agrëff.
 
Mee mir musse net eemol sou wäit kucken: a Polen gëtt zanter 2019 dru geschafft LGBTIQA+ Persounen nieft den Migranten zu engem weidere Sënnebock ze maachen. Als Reaktioun dorop hu sech vill Provënzen a Landeskreeser zu “LGBT-fräien Zonen” erkläert. 
 
Dës Zoustänn sinn och an enger EU Ëmfro vun 2019 ze erkennen. Wärend zu Lëtzebuerg 75% vun de Befroten der Meenung waren, d’Regierung géing sech géint LGBTI Diskriminéierung asetzen, waren et a Polen just 4% (33% am EU Duerchschnëtt). 

An den nämmlechte Statistiken erkennt een awer och, dass et zu Lëtzebuerg och nach Probleemer ginn. 37% vun de lëtzebuergesche Participante goufen an den 12 Méint virun der Ëmfro Affer vu Belästegung opgrond vun hirer Sexualitéit oder hirer Gender Identity. 10% goufe bannent 5 Joer virun der Ëmfro souguer Affer vu physescher oder sexueller Gewalt. Just 19% vun den Affer mellen sech bei der Police, mat der Begrënnung, dass sech souwisou näischt ännere wäert, oder aus Angscht, net eescht geholl ze ginn. Oft wierken sech sou Erfarungen op d’psychesch Gesondheet vun den Affer aus. Vill betraffe Leit hunn Angscht virun d’Dier ze goen oder leiden ënner psychesche Krankheete wéi Depressiounen oder Angschtzoustänn.[1]
 
D’EU ass hei gefuerdert. Zwar behaapt d’EU sech fir LGBTIQA+ Rechter anzesetzen, mee si bleift an der Realitéit oft relativ inkonsequent. D‘EU muss endlech eng kloer Strategie fir d’Stäerkung vun de Rechter vun der LGBTIQA+ Communautéit entwéckelen, déi konsequent géint d’”LGBT fräi Zonen” a Polen virgeet.
 
Wann ee gesäit, wéi d’Rechter vun der LGBTIQA+ och an europäesche Länner nees ageschränkt ginn, dann ass et ëmsou méi wichteg, dass dëst Joer zu Lëtzebuerg net nëmme Pride gefeiert gëtt, mee dass mir eis fir d’Zukunft vun der weltwäiter LGBTIQA+ Communautéit asetzen.

Veröffentlicht: 09:47 12/07/2020