Ëffentlechen Bréif un den Här Kartheiser „Mit Herz und Hirn gegen Vorurteile, ein Känguru wie du“

Parlamentaresch Fro vum Här F. Kartheiser:

“ Vu besuergten Eltere sinn ech gewuer ginn, datt Kanner aus enger Klass 4.2. en Theaterstéck mam Titel „Ein Känguru wie Du“ musse kucke goen an dem et – der Beschreiwung no déi d’Kanner ausgedeelt kruten – haaptsachlech em d’Homosexualitéit geet.

Dowéinst wolit ech dem Här Educatiounsminister dës Froe stellen:

1) Ass et am Unterrechtsplang virgesinn, datt Kanner mussen Theaterstécker iwwer d’Homosexualitéit kucke goen? Ass d’Participatioun un esou Evenementer obligatoresch? Kënnen d’Elteren decidéieren, ob hir Kanner do solle mat goen oder net?
2) Wéi vill Klassen a wéi engem Alter hu schonn esou Stécker misse kucke goen? Wien ass fir déi Organisatioun responsabel?
3) Ass den Hàr Minister der Meenung dat et fir Kanner am Cycle 4.2. altersgerecht ass Theaterstécker iwwer d’Homosexualitéit kucken ze goen?
4) Ass et och virgesinn, de Kanner Theaterstécker iwwer heterosexuell, traditionell an natierlech Familljen ze weisen an deenen dee Liewensmodell positiv duergestallt gëtt? „

 



Eisen oppene Bréif un den F. Här Kartheiser:

Monsieur le Député Kartheiser,

Är parlamentaresch Fro vum 3. Dezember betreffend dem Theaterstéck “Ein Känguru wie du” an awer och d’Äntwert vum Monsieur le Ministre Meisch hunn e groussen Impakt op déi lëtzebuergesch Gesellschaft hannerlooss. Och ons, déi jonk gréng, huet déi ganz Saach net kal gelooss.

Doropshin an awer och wéinst dem Ënnertitel vum Theaterstéck “Mit Herz und Hirn gegen Vorurteile” (Iwwersetzung: Mat Häerz a Bëls géint Viruerteeler) – en Ënnertitel de ganz onse Valeuren a Moralvirstellungen entsprécht – gi mir ons dat Theaterstéck ukucken. Zousätzlech verhënnere mer domat, dass mir LGBTQ+ Thematiken an Zukunft falsch interpretéiere kéinten, wéi et a rezenter Vergaangenheet och zu Lëtzebuerg leider ze oft virkomm ass.

Mir identifizéieren ons staark mat de fundamentale Prinzipie vun eiser Verfassung an der Europäeschen Unioun, déi d’universell Mënscherechter schützen an d’Gläichheet vun all Mënsch virum Gesetz festhält. Dofir si mir dann och der Meenung, dass dat uewe genannt Theaterstéck e grousst Potential huet fir dës Valeuren, fir déi een ni ze al nach ze jonk ka sinn, ënner de Leit weider ze verbreeden. Mir ënnerstëtzen all positiv Duerstellung vun natierlechen a normale Familljen, dorënner souguer déi mat heterosexuellen Elteren.

Mir bidden Iech, Monsieur le Député Kartheiser, mat eis zesummen an de Genoss vum Appell fir Toleranz an Akzeptanz, den vum Theaterstéck “Ein Känguru wie du” ausgeet, ze kommen. Dowéinst invitéiere mir Iech, Monsieur le Député Kartheiser, op ons Käschten a mat ons zesummen dat Stéck den 10. Februar 2019 um 16:00 Auer an d’Salle R. Krieps vun der Abtei Neimënster kucken ze goen.

An dësem Sënn füge mir dësem Bréif e gratis Ticket mat enger reservéierter Plaz bäi. Mir géif eis freeën, wann dir dëst Invitatioun géift unhuelen.

Am Sënn vun der Opklärung,

 

déi jonk gréng

 

Veröffentlicht: 14:19 05/02/2019