D’Petitioun n°3198 ass diskriminéierend géint d’LGBTQIA+ Communautéit!
Mat erschrecke stelle mir fest, dass d’Petitioun n°3198 mam Titel “Exclure les thématiques LGBT de l’éducation des mineurs” bannent just dräi Deeg méi wéi 4.500 Ënnerschrëfte gesammelt huet an dat obwuel den Inhalt vun där Petitioun ganz kloer diskriminéierend géintiwwer der LGBTQIA+ Communautéit ass.
Mir sinn der fester Iwwerzeegung, dass et zu Lëtzebuerg keng Plaz fir Diskriminéierung vun der LGBTQIA+ Communautéit dierf ginn. Mir hu kee Verständnis dofir, dass d’Petitiounskommissioun an d’Conférence des Présidents d’Petitioun n°3198 der Ëffentlechkeet fir d’Ënnerschrëftesammlung fräiginn hunn.
Liest hei eise ganze Pressecommuniqué als PDF
Veröffentlicht: 18:11 24/07/2024