Eis Gemeng, däin doheem

Dat Aussergewéinlecht an all Gemeng sinn déi vill Mënsche mat hiren aussergewéinlechen Iddien a Liewensweisen. Mee Wunnen a Liewen a Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi onbezuelbar. Loyeren a Wunnengspräisser ginn ëmmer méi an d’Luucht, am Platz vu Liewensqualitéit gëtt et ëmmer méi Verkéierskaméidi an dreckeg Loft.

Gemenge brauchen ëffentlech Raim an deenen all Mënsche Platz hunn, wëllkomm sinn a sech gären ophalen. Gemenge musse fir jiddereen do sinn a jidderengem e bezuelbart an angschtfräit Liewen erméiglechen, egal ob al, jonk, aarm oder räich.

Mir setzen ons fir eng Politik an, déi jidderengem e gutt Liewen erméiglecht, fréi vun Dreck a Kaméidi. Mir wëllen ons fréi a selbstbestëmmt beweege kënnen an ons net vun Autoen an héij Wunnengspräisser aschränke loossen.

Eng Politik, déi dës Problemer léist, ass méiglech – et feelt just um politesche Wëllen. Mir kämpfe fir weltoppen, selbstbestëmmten a sozial Gemengen, déi Platz fir all Mënsch hunn.

Wunnraum ass kee Glécksspil!

Jonkgréng Gemengen:

  • besteieren eidelstoende Wunnraum konsequent
  • toleréieren Haiserbesetzunge vun eidelstoende Wunnengen
  • ënnerstëtzen nei Wunnformen ewéi WGen a Wunnengsbaugenossenschaften
  • schafe bezuelbare Wunnraum duerch konsequent Efforten am soziale Wunnengsbau

Endlech ass net éiweg. Energierevolutioun elo!

Jonkgréng Gemengen:

  • baue Photovoltaikanlagen op Gebaier, déi a Gemengenhand sinn
  • ënnerstëtze Bierger_innen-Initiativen fir erneierbar Energien
  • informéieren an ënnerstëtzen Awunner_innen bei energetescher Sanéierung vun hirem Doheem
  • sensibiliséiere Gemengen Ulafstelle wéi zum Beispill den Office Social zu Energieeffizienz

Mat denger Gemeng d’Nuescht duerchmaachen

Jonkgréng Gemengen:

  • organiséieren Nuetsbusse vun de regionalen Zuchgaren
  • kollaboréiere mat Nopeschgemengen: gemeinsamen ëffentlechen Transport, Aktiounsdag ouni Auto, etc.
  • ginn der « mobilité douce » Prioritéit a bauen zum Beispill Vëlosweeër gezielt aus
  • entwéckelen „Shared Space“ Zonen

Méi Gréngs an denger Gemeng

Jonkgréng Gemengen:

  • ënnerstëtzen Awunner_inne beim Opbaue vu Gemeinschaftsgäert
  • ënnerhalen zesumme mat de Schoule Schoulgäert
  • begréngen den ëffentleche Raum, Stroossen a Quartier’en andeems se allgemeng accessibelt Uebst, Geméis a Kraider planzen
  • verzichten op Pestiziden an Insektiziden
  • ënnerstëtzen d’Entwécklung vu lokalen Epicerien
  • schafe lokal a regional Mäert

Méi Bio an all Kantinn

Jonkgréng Gemengen:

  • féiere Mindestquote fir Bio-Liewensmëttel an de Schoulkantinnen a Maison Relais an
  • schaffe mat lokalen a regionale Liewensmëttelproduzenten zesummen
  • gesi Moossname fir Liewensmëtteloffäll ze reduzéiere fir

Gemeng geet jiddereen eppes un

Jonkgréng Gemengen:

  • schreiwen all nei Matbierger_innen op de Wahllëschten automatesch an
  • gesi méisproocheg Informatiounen vir
  • erméigleche méi Biergerbedeelegung duerch Online-Petitiounen, Ëmfroen, Bierger_innenforen
  • ginn de Jonken ab 16 Joer d’Méiglechkeet wielen ze goen
  • banne Jonker bei Projeten an, déi si direkt concernéieren