Eng Pensiounsreform muss zukunftssécher si, fir kommend Generatiounen a fir d´Klima

De ganze Pressecommuniqué mat eise Positioune fannt dir hei am PDF.
Am Joer 2024 huet d’Regierung ugekënnegt, eng Debatt iwwer d´Pensiounsreform unzefänken. Dat aktuellt Pensiounssystem hänkt staark vum wirtschaftleche Wuesstem of, an aktuell Berechnunge weisen, dass d’Ausgabe fir Pensiounen vläicht schonn Enn den 2020er Joren d’Recetten iwwerschreiden. Zwar ginn et nach finanziell Reserven an der Héicht vu méi wéi 26 Milliarden Euro, mee jee méi laang mir mat enger Reform waarden, desto méi drastesch wäerte d’Mesurë vun enger Reform ginn.
E passende Verglach mat der Klimakris, deen och mir als Jugendpartei déi jonk gréng deelen, ass dësen: „Heute in den sauren Apfel beißen und Veränderungen akzeptieren oder morgen vor der Wand stehen? Hier wie dort geht es darum, Entwicklungen zu bremsen, die langfristig zu großen Folgen führen. Beim Thema Klimaschutz verpassen wir gerade den Moment des Eingreifens und steuern auf eine Welt zu, die sich keiner wünscht.“ – Jürgen Stoldt
Mir si fest dovun iwwerzeegt, dass eng Reform néideg ass, bei där all Acteure Verantwortung mussen iwwerhuelen. Nëmmen esou kënne mir verhënneren, dass jonk an zukünfteg Generatiounen nach méi staark vun Altersaarmut betraff wäerte sinn.
Eis Prioritéiten, déi mir als déi jonk gréng an d’Debatt erabréngen:
- Ëffentlechen a private Pensiounssystemer zesummeleeën, fir sozial Ongerechtegkeeten ofzebauen an op laang Siicht nohalteg finanziell Reserven ze sécheren.
- Nohalteg an sozial gerecht Investissementer an de Pensiounsfongen ënnerstëtzen, déi och der Klimakris entgéintwierken, sou dass zukünfteg Generatioune vun de Resultater profitéiere kënnen.
- De Gender-Pay-Gap drastesch reduzéieren, fir dass virun allem Fraen net méi engem méi héije Risiko vun Altersaarmut ausgesat sinn.
- D’Mindestrent erhéijen, fir dass jiddereen an Dignitéit liewe kann – eng méiglech Finanzéierung kéint iwwer Solidaritéitsbäiträg op héich Renten erfollegen.
- D’Urechnung vun de Studiejoer reforméieren, fir dass net nëmmen Studente bis 27 Joer profitéieren, mee och d’Liewenslaangt Léieren an alle Beräicher gefërdert gëtt.
- D’Rentenaustrittsalter bei 65 Joer bäibehalen, mee flexibel Iwwergangsmodeller schafen, déi Aarbechtsgeber, Salariéen an Beruffsufänker entlaaschten.
- Bäitragsplafongen ofschafen an d’Pensiounshéchstbeträg upassen, fir zousätzlech Reserven ze schafen – ouni grouss Aschnëtter fir Eenzelpersounen.
- Regelméisseg op néideg Reformen iwwerpréiwungen – Och wann d’Thema emotional opgelueden ass, bleift et eng vun de techneschste politeschen Erausfuerderungen.
Veröffentlicht: 19:35 28/04/2025