Et geet ëm dech!

Et geet ëm dech!

En Sonndeg si Wahlen an et gëtt Zäit, dass sech eppes beweegt. Lëtzebuerger Politik huet sech an de läschte Méint net matt Ruhm bekleckert an den Affairë ronderëm de Geheimdéngscht, Cargolux, Liwange asw. Mir wëllen, dass den 20. Oktober d‘ Kaarten nei gemëscht ginn, als jonk Kandidaten op der Grénger Lëscht fuerdere mir no vir ze kucken, an duerchzebriechen:

– Eng méi flexibel Schoul- an Ausbildungspolitik déi individuell op d’Stäerkten a Schwäche vum Schüler ageet, duerch méi laangt Léieren zesummen, enger breeder Orientatioun, enger sozial-gerechter Studiebäihëllef, an enger Valoriséierung vun den technesche Beruffer.

– E problemlose Start an d‘ Liewen: Besser Ausbildungs- an Weiderbildungschancë fir déi Jonk. Eng „Garantie Jeunes“ déi Jonken innerhalb vum 4 Méint en Job, e Stage oder eng Léier, Aus- oder Weiderbildung offréiert. Erhale vum Mindestloun, och fir Jonker! Bezuelbare Miet- a Wunnraum duerch grouss Investissementer a méi streng Reglementer géint Bauspekulanten.

– Eng Zukunft duerch eng propper Ëmwelt: Regionaliséiert an op lokalem Niveau, duerch Cooperativen mam Bierger, bëlleg a gréng erneierbar Energie produzéieren, déi Aarbechtsplaze schaaft an erhält. Géint Atomenergie a Schrottreaktoren à la Cattenom déi ons Gesondheetskäschten explodéiere loossen. Fir eng biologesch a fair Landwirtschaft, déi och op den Déiereschutz mat ageet.

– Eng oppen a fair Gesellschaft: Gläich Rechter fir Jiddereen: Kéng Diskriminatioun an der Paye wéinst dem Geschlecht, en onofhängegt a selwer bestëmmt Liewen fir d‘ LGBT+ Bevëlkerung. Wahlrecht un Residenz bannen, Demokratie muss oppe sinn, partizipativ an un sou mann wéi méiglech Hürde gebonne sinn.

Eng propper Ëmwelt, eng fair Chance op e mënschewierdegt a selwerbestëmmt Liewen, kanns du dir net nëmme wënschen mee och wielen! Stäerk déi gréng an déi jonk gréng KandidatInnen op de grénge Lëschten.

Mir soen dir Merci fir däi Vertrauen! Hëllef ons duerchzebriechen!

Gina Arvai & Paul Matzet
Spriecher vun déi jonk gréng

Veröffentlicht: 08:57 18/10/2013