Opruff un Europadeputéiert vun CSJ, JDL, JSL an déi jonk gréng fir géint EU Copyright Direktiv ze stëmmen

Du bass vill am Internet ënnerwee an deels oft a gären all Méigleches mat denge Kollegen op Facebook, Instagram, Twitter a Co. oder luets selwer all méiglechen Contenu op Social Media erop? Wéi flott déi ganz Fräiheet am Internet sou ass mierkt een awer eréischt wann se bis a Gefor ass!
Am Europäesche Parlament gëtt säit e puer Méint un enger Copyright Direktiv geschafft déi geféierlech Suitte kann hunn. D’Stäerke vun den Droits d’Auteurs ass zwar immens wichteg, mee déi vum Europäesche Parlament implizit erwaarten Uploadfilter fir all Website sinn an der Realitéit net ëmsetzbar! Sou kann e Filter net erkennen, wann aus satiresche Grënn zitéiert gëtt, wat dann zur Aschränkung vun der Meenungsfräiheet bäidréit wann dësen Text geläscht gëtt! Dat ass just ee vun de Fäll déi mat den Uploadfilter geschéie wäerten!
Mir sinn houfreg, dass ons Europadeputéiert Tilly Metz versprach huet géint déi duerch d’Artikel 11 an 13 ëmstridden Direktiv ze stëmmen. Am Sënn vun engem fräien Internet, mat dem mir opgewuess sinn, si mir kloer géint dës Direktiv!

 

De gemeinsame Pressecommuniqué vun der CSJ, JDL, JSL an déi jonk gréng

 

EU Copyright Direktiv – Jonken Opruff un d’Europadéputéiert Meenungsfräiheet um Internet a Gefor? #SaveYourInternet

Den Internet ass vill méi, wéi nëmmen eng Plaz fir Kleeder a Bicher ze bestellen. Et ass eng Plaz wou eng Demokratie sech kann informéieren, sech kann ausdrécken a ka mateneen diskutéieren. Et ass eng Plaz wou Wëssen fräi ka gedeelt ginn, an och eng Plaz wou Kënschtler, Journalisten, Schrëftsteller, ob professionell oder net, d’Méiglechkeeten hunn hier Wierker ze publizéieren.

Eng néi europäesch Direktiv fir Auteursrechter (“Copyright Directive”) soll genau dësen Auteuren hier Rechter zougestoen, fir dass hier Wierker um Internet besser geschützt sinn. Zum Beispill soll et e besseren Accès op Wierker ënnert kulturellem Patrimoine ginn, e Recht ob méi Transparenz beim Gebrauch vun Wierker fir Auteuren an eng méi gerecht Entlounung, souwéi eng Mediatioun bei Lizenzschwieregkeeten fir Audio-Visuell Wierker. Mir als politesch Jugendorganisatiounen begréissen dës Initiativ fir e modernt Urheberrecht an erwaarden dass d’Auteuren déi Mëttelen an Hëllefen kréien déi Hinnen an hire Wierker zoustinn.

Et ass allerdéngs mat grousse Suergen, wou mir en Agrëff an de Grondgedanken vum Internet a generell an dGrondfräiheeten gesinn. Mam Artikel 13 si Plattformen, déi et erlaben digitalen Contenu – ewéi zum Beispill: Biller, Musek, Text, Videoen – vu Benotzer ze verëffentlechen, verantwortlech wann dobäi d’Wierk vun engem Auteur net rechtméisseg benotzt gouf. Laut dësem Artikel soll dëst deelweis souguer scho beim Eropluede vum Contenu geschéien. Dëst léist implizit op en Uploadfilter schléissen deen eise Contenu eisen digitalen Contenu déi mer op soziale Plattformen, wéi z.B. Facebook, publizéieren automatesch duerchliicht. Esou een Uploadfilter muss d’Entscheedung treffen op eisen heichgeluedenen Contenu rechtméisseg ass oder net.

Mir fannen dass en Uploadfilter onverhältnesméisseg ass, an en Agrëff an d’Meenungsfräiheet duerstellt. Et ass eng schwaarz Këscht déi keen Abléck zouléisst wat si als rechtméisseg an als net rechtméisseg versteet. Mir fäerten dass Plattformen dëse Filter ganz nom Prinzip “Léiwer eppes ze vill zenséieren wéi eppes ze wéineg” wäerten opbauen.

Awer och den Artikel 11 vun dëser Direktiv gëtt eis Bedenken. Hei sollen Press-Editeuren fair entlount ginn wann en Deel vun hirem Text op enger anerer Plaz benotzt gëtt. Mir als Jugendparteien fannen dëMesure richteg fir d’Unerkennung vun der Aarbecht vun eise Journalisten. Mir dinn eis awer schwéier mat der vager Formuléierung vun den Ausnamen, an och domadder dass keng Ausnam fir Fräi Enzyklopedien besteet.

Mir als Jugendorganisatiounen fuerderen, dass d’Wierker vun Auteuren rechtméisseg solle geschützt ginn an dass d’Auteuren fair fir d’Benotzen vun hire Wierker sollen entlount ginn. Mir stellen eis awer kloer géint den Artikel 11 an 13. Lëtzebuerg, Italien, Finnland, Holland a Polen hunn sech am Ministerrot vun der Europäescher Unioun scho géint dës Direktiv gestallt. Eng 4,9 Millioune Léit hu bis elo bei enger Online-Petitioun géint den Artikel 13 matgemaach.

Mir als Jugendorganisatiounen ruffen eis Europadeputéiert dowéinst op géint dëDirektiv ze stemmen. Mir brauchen Auteursrechter, déi dem digitale Fortschrëtt gerecht ginn, mee ouni Artikel 11 an Artikel 13.

Veröffentlicht: 07:43 15/03/2019