Doheem an Europa eis Eventer

CinéDébat // The True Cost-Wien bezilt de Präis fir eis Kleeder?

Wou kommen eis Kleeder hier, wien sinn déi Mënschen, déi se hierstellen, a wat fir een Impakt huet dat op eis an op eis Ëmwelt? „The True Cost“ ass een Documentaire deen de Präis, dee mir am Buttek fir eis Kleeder bezuelen, a Fro stellt an dofir alleguerten déi Leit a Plazen an de Mëttelpunkt stellt, déi hannert dëse Kleeder stiechen.

Kommt an diskutéiert duerno mat eisem Invité Georges Kieffer vu BENU Village ESCH asbl an mat eisen jonk gréngen Kandidaten fir d’Europawahlen, Meris Sehovic, Jessie Thill an Tanja Duprez.

OV EN, mat FR Ënnertitel

Mir freeën eis op iech an op ee spannenden Debat! 💚

  • Wolz: Méindes de 6. Mee um 19h Ciné Prabbeli
  • Esch: Mëttwochs de 8. Mee um 19h Café Streik

 

Public Viewing // Eurovision Song Contest 2019

 

Den 18. Mee fënnt wéi all Joër den Eurovision Song Contest statt. Kommt a feiert mat eis déi sproochlech a kulturell Diversitéit vun Europa, déi et an deene verschiddene Länner a Regiounen duerch déi vill Mënschen an hir Hannergrënn an Interessë gëtt. An deem Kader organiséieren déi jonk gréng e Public Viewing am Independent Café. Notzt och des Geleeënheet fir eisem jonke Spëtzekandidat Meris Sehovic an eise jonke Kandidatinnen Jessie Thill an Tanja Duprez är Froen ze stellen an op Europa unzestoussen.
  • Lëtzebuerg: Samschdes de 18. Mee ab 19h Independent Café

 

Eis Eventer sinn och op Facebook ze fannen oder op jonkgreng.lu