Wou kommen eis Kleeder hier, wien sinn déi Mënschen, déi se hierstellen, a wat fir een Impakt huet dat op eis an op eis Ëmwelt? „The True Cost“ ass een Documentaire deen de Präis, dee mir am Buttek fir eis Kleeder bezuelen, a Fro stellt an dofir alleguerten déi Leit a Plazen an de Mëttelpunkt stellt, déi hannert dëse Kleeder stiechen.
Den 8. Mee um 19h00 weisen déi jonk gréng den Film „The True Cost“ am Café Streik zu Esch (Info Facebook). Kommt an diskutéiert duerno mat eisem Invité Georges Kieffer vu BENU Village ESCH asbl an mat eisen jonk gréngen Kandidaten fir d’Europawahlen, Meris Sehovic, Jessie Thill an Tanja Duprez.
Mir freeën eis op iech an op ee spannenden Debat! 💚
OV EN, mat FR Ënnertitel
Eis Eventer sinn och op Facebook ze fannen