Fabricio Costa, eise Kandidat fir EU-Walen 2024

Déi jonk gréng hu bei dësen EU-Walen den Fabricio Costa als Spëtzekandidat op der grénger Lëscht.

De Fabricio ass 29 Joer al an ass fréiere Co-Spriecher vun de jonke gréngen. Selwer ass hien Politologue an schafft als Attaché parlementaire.

Wat beweegt de Fabricio als Spëtzekandidat bei dëse Walen unzetrieden?

Ech setze mech a fir eng EU vun der Solidaritéit, an net vum nationalen Egoismus. Dofir, dass Europa d’Verspriechen op eng besser Zukunft, Fräiheet a Fortschrëtt bleift.

Mat enger EU-Wirtschaft a Finanzwelt, an där Nohaltegkeet net d‘Ausnam, mee d‘Norm ass. Mat enger sozialer EU, déi kee fale léisst.

A mat engem kloren Nee zu den Extreemen, déi eis auserneen dreiwe wëllen.

Méi iwwert Fabricio fannt dir ënnert sengem Site.

Als Jugendpartei hu mir eis och Gedanken iwwert dës Walen gemach, de ganze Programm fannt dir hei.

Veröffentlicht: 21:16 13/05/2024