Facebook

Weider op Instagramm

SIMONE DE BEAUVOIR (1908-1986)Lieu de naissance: Paris, FranceProfession: écrivaineSimone de Beauvoir était une écrivaine, philosophe et féministe française. Dans son œuvre la plus célèbre, « Le deuxième sexe », elle présente la théorie de la construction culturelle et sociale des sexes et fait appel à un changement radical de la société. Elle y écrit que, pour que la femme puisse se réaliser, elle doit rompre avec la hiérarchie patriarcale des sexes et doit s'émanciper socialement et économiquement. Ses œuvres ont apporté une importante contribution à la littérature féministe et ont fait de Simone de Beauvoir l'une des intellectuel*le*s les plus célèbres de France. « On ne naît pas femme, on le devient. » ... See MoreSee Less

5 days ago  ·  

ROSA PARKS (1913-2005)Gebuertsplaz: Tuskegee (Alabama), USABeruff: Schneiderin, SekretärinRosa Parks ass eent vun deene bekanntste Gesichter vun der US-amerikanescher Biergerrechtsbeweegung. Si war och eng vun deenen éischte Fraen an der Widderstandsbeweegung, déi géint déi strikt Rassentrennung an Amerika gekämpft hunn. Am Joer 1955 gouf d’Rosa Parks festgeholl, wéi si sech wärend enger Busfaart geweigert huet hier Platz fir ee wäisse Fuergaascht opzeginn. Dëse Bus-Boykott war een vun den entscheedende Momenter vun der US-Biergerrechtsbeweegung an huet dozou gefouert, dass d’Rassentrennung an de Busser an Zich ofgeschaaft gouf. Ausserdeem war et eng vun deenen éischte gewaltfräien Aktioune géint Rassendiskriminéierung an Ausléiser fir vill aner Protester. ... See MoreSee Less

7 days ago  ·  

ASTRID LINDGREN (1907-2002)Gebuertsplaz: Stockholm, SchwedenBeruff: AutorinAstrid Lindgren gehéiert zu deene bekanntste Kanner- an Jugendbuchautorinnen op der Welt. Si huet bis ewell 165 Millioune Bicher verkaf an hir Wierker goufen an insgesamt 106 Sproochen iwwersat. Domadder gehéiert si zu de meeschtiwersaatsten Autor*innen der Welt. Astrid Lindgren huet weltberüümte Charakteren ewéi d’Pippi Langstrumpf, de Michel aus Lönneberga, d’Ronja Räubertochter oder de Karlsson vom Dach zum Liewe bruecht. Nieft dem Schreiwen huet si sech awer och politesch engagéiert an huet sech an hirem Heemechtsland Schweden fir Fraen-, Kanner- an Déiererechter agesat. Och haut nach prägen hir Bicher d’Kandheet vu jonke Mënschen op der ganzer Welt. ... See MoreSee Less

1 week ago  ·  

👇📝 Ënnerstëtzt elo dës Petitioun, fir dass zu Lëtzebuerg an Zukunft eng Bachelor-Ausbildung fir de Beruff vun der Infirmière a vum Infirmier ugebuede gëtt! Et feelen nach knapp 500 Ënnerschrëften fir dass eng ëffentlech Debatt an der Chamber organiséiert gëtt. All Ënnerschrëft zielt!👉 D'Petitioun fannt dir hei: www.petitiounen.lu/de/petition/1811 👩‍⚕️👨‍⚕️ D'COVID-Pandemie weist eis, wéi wichteg e staarke Gesondheetssystem ass mat net just genuch Material, mee och dem néidege Personal. Allerdéngs ass Lëtzebuerg net eréischt säit der Pandemie mat engem Mangel u Gesondheetspersonal konfrontéiert an ass dowéinst zum Beispill bei den Infirmièren an Infirmieren op Salarié*en aus dem noen Ausland ugewisen.🎓📜 Doriwwer eraus hëllefen d‘Infirmièren an Infirmieren an der Kris mat fir un der Front fir eise Gesondheetssystem oprecht ze erhalen. D’Wichtegkeet vun dësem Beruff ass eis doduerch nach méi bewosst ginn. Dëser Wichtegkeet gëtt awer virun allem am Beräich vun der Ausbildung a vum Diplom net genuch Rechnung gedroen. De BTS-Diplom, deen d’Schüler*innen aus dem LTPS zum Schluss vun hirer Ausbildung kréien, ass net equivalent mat de Bachelor-Diplomer déi am Ausland ugebuede ginn an ass domat vill manner attraktiv.👉 Mir hunn dowéinst scho virun engem Joer gefuerdert, dass och zu Lëtzebuerg e Bachelor-Studium fir de Beruff vum Infirmier an der Infirmière ugebuede gëtt. Mir ënnerstëtzen dofir och d'Petitioun n°1811. ... See MoreSee Less

2 weeks ago  ·  

JOSEPHINE BAKER (1906-1975)Gebuertsplaz: St. Louis (Missouri), USABeruff: Dänzerin, Sängerin, SchauspillerinAm Joer 1925 verléisst déi jonk, schwaarz Varieté-Dänzerin Josephine Baker Amerika a mécht sech ob de Wee an Europa. Si flücht viru Rassentrennung, Gewalt an Aarmut a probéiert hiert Gléck zu Paräis, wou si iwwer Nuecht zu enger Berüümtheet gëtt a sech zu engem Symbol vun den emanzipéierte Frae vun den 1920er Jore entwéckelt. D’Bekanntheet vum Josephine Baker hëlleft hir dobäi, sech fir hir Idealer anzesetzen a géint de Rassismus ze kämpfen. Wärend dem zweete Weltkrich setzt si sech un der Säit vum General de Gaulle fir d’Resistenz an. Och nom Krich ënnerstëtzt si an Amerika d’Biergerrechtsbeweegung a kämpft géint Diskriminéierung vun der schwaarzer Bevëlkerung. ... See MoreSee Less

2 weeks ago  ·  

Fir eis Spriecher*inne Joël Back an Tanja Duprez steet fest: Klima- a Sozialpolitik mussen zesumme geduecht ginn. Dass dat zu Lëtzebuerg geschitt, hunn si an engem Lieserbréif am Tageblatt duergeluecht. 🍀🌻🌍Liest bis eran 👇🏿www.tageblatt.lu/headlines/zwischen-klima-und-soziales-passt-kein-oder/ ... See MoreSee Less

2 weeks ago  ·  

Mir feieren är Visibilitéit! 🏳️‍⚧️Haut ass den international gefeierten Transgender Day of Visibility. Domatt wellen mir onsen Deel dozou bäidroen, méi Opmierksamkeet op d'geschlechtlech Diversitéit ze setzen an ons Gesellschaft méi fir dat Thema ze sensibiliséieren. Ma wéi ass et dann zu Lëtzebuerg? Bei ons kann een ouni Hormontherapie, engem operationellem Agrëff an ouni Attest vun engem Dokter oder Psychiater säin Geschlecht a säin Numm an de Pabeieren änneren. Domatt ass Lëtzebuerg eent vun de progressivsten Länner weltwäit an erfëllt eng wichteg Fuerderung vun transidenten Leit weltwäit. Brauchen mir dann den Transgender Day of Visibility nach? Ganz kloer: Jo! An dofir ginn et vill Grënn:- D'Covid Pandemie huet och d'Transgender Community haart getraff. D'Vernetzen an d'Treffen vun aneren transidenten Leit ass méi schwéier ginn, vill Therapiestonnen sinn ausgefall, wat fatal ass, vu dass Trans-Mënschen méi oft ënner psycheschen Krankheeten leiden wéi Cis-Mënschen. - Och d'Diskriminéierung géint Transpersounen ass erschreckend héich an Europa. Dat huet d'"LGBTI Survey 2020" vun der EU gewisen. 55% vun den befroten Transpersounen ginn un, bannent de leschten 12 Méint virun der Emfro Affer vun Diskriminatioun gewiecht ze sinn, 48% waren am nämlechten Zäitraum Affer vun Belästegungen. 17% goufen souguer Affer vun enger physescher oder sexueller Attack bannent de leschten 5 Joer virun der Emfro an 40% vun de Kanner verstoppen hir Transidentitéit an der Schoul.*Fir et an de Wieder vum däitschen Bundesverband Trans* (BVT*) ze soen: "Mir ginn ëmmer méi siichtbar, mee sinn awer nach laang net am Ziel". Dovir setzen mir eis vir méi Visibilitéit a Solidaritéit an! Géingt Haas, Diskriminéierung an Ausgrenzung, well Transrechter si Menschenrechter!#tdov #tdov2021🏳️‍⚧️*Zuelen aus der EU LGBTI Survey vun 2020: bit.ly/3cAhZd5 ... See MoreSee Less

2 weeks ago  ·  

HANNAH ARENDT (1906-1975)Gebuertsplaz: Hannover, DäitschlandBeruff: Autorin, PhilosophinHannah Arendt wiisst an Däitschland an enger sozialdemokratescher, jiddescher Famill op. 1933 emigréiert si wéinst der Verfolgung vun der jiddescher Populatioun an Zäite vum Nationalsozialismus aus Däitschland. Si setzt sech ausernee mat enge sëllege philosopheschen a politeschen Theorien an hëlt doduerch an de gesellschaftlechen theoreteschen Debatten eng wichteg Roll an. An hirem Haaptwierk “Origins of Totalitarianism” ënnersicht Hannah Arendt de Begrëff vum Totalitarismus, a wéi dëse mat der Entstehung vum Antisemitismus zesummenhänkt. Dëst Wierk huet si zu enger vun de bedeitendsden gesellschafts- a politikwëssenschaftlechen Theoretiker*inne gemaach. ... See MoreSee Less

3 weeks ago  ·  

Samensemble for Europe ... See MoreSee Less

3 weeks ago  ·  

ROSA LUXEMBURG (1871-1919)Gebuertsplaz: Zamość, PolenBeruff: Journalistin, ChefredakteschRosa Luxemburg war ewell als jonk Schülerin eng Verfechterin vun der politescher Denkweis vum Marxismus an huet de Kapitalismus an d’monarchesch Staatsform ëmmer erëm a Fro gestallt. Hir politesch Messagen hunn si zu enger vun den aflossräichste Vertrieder*inne vun der europäescher Aarbechterbeweegung a vum “proletareschen Internationalismus” gemaach. Déi laangjäreg Member vun der polnescher an duerno der däitscher sozialdemokratescher Partei a Matgrënnerin vun der Kommunistescher Partei Däitschland (1919) hat allerdéngs vill Feinden a krut wéinst hiren Aussoen eng Rei Prisongsstrofen. Rosa Luxemburg ass schliisslech 1919 ermort an hirer Stopp opfonnt ginn. ... See MoreSee Less

3 weeks ago  ·  

MARIE CURIE (1867-1934)Gebuertsplaz: Warschau, PolenBeruff: Physikerin, ChemikerinMarie Curie ass a Polen opgewuess, wéi d’Land nach zu Russland gehéiert huet. Well et Fraen do net erlaabt war ze studéieren, ass si ob Paräis geplënnert an huet op der Sorbonne Universitéit Physik a Mathematik studéiert. Spéider ass si och déi éischte Fra, déi als Professorin op der Sorbonne ënnerriicht huet. Zesumme mat hirem Mann, dem Pierre Curie, entdeckt si d’Radio- aktivitéit. Wéinst hirer revolutionärer Fuerschung krut si den Nobelpräis fir Physik an den Nobelpräis fir Chimie an ass domat déi eenzeg Fra, déi mat méi wéi engem Nobelpräis ausgezeechent gouf. Wärend dem 1. Weltkrich huet si mobil Röntgenmaschinnen entwéckelt fir direkt un der Front verwonnten Zaldoten ze behandelen. ... See MoreSee Less

3 weeks ago  ·  

D’Jessie Thill, de Georges Biever an de Kris Hansen goufen um Digitalkongress vun déi gréng an de Comité exécutif (CEX) souwéi den Genderrot vun der Partei gewielt. Mir gratuléieren hinnen häerzlech a wënschen hinnen eng glécklech Hand bei hirem Mandat.🍀 Am CEX ginn déi jonk gréng och vun hire Spriecher*innen Tanja Duprez a Joël Back vertrueden.🌻 ... See MoreSee Less

3 weeks ago  ·  

Let's get loud!📢Kuckt iech hei eise Video vum grénge Kongress un, mat konkrete Fuerderungen fir eng gréng Relance, méi Klimaschutz a staark Mesuren fir alleguerten déi Mënschen, déi eng manner haart Stemm hunn.🌻 ... See MoreSee Less

4 weeks ago  ·  

SOPHIE SCHOLL (1921-1943)Gebuertsplaz: Forchtenberg, DäitschlandBeruff: StudentinWell hatt senger Ofleenung vis-à-vis vum Naziregimm Ausdrock verléine well, trëtt d’Sophie Scholl wärend sengem Biologie- a Philosophiestudium op der Universitéit zu München am Joer 1942 der studentescher Widderstandsgrupp “Weiße Rose” bäi. Zesumme mat den anere Membere vum Grupp erstellt hatt Fluchblieder géint den deemolegen NS-Regime a verdeelt dës iwwerall an de groussen däitsche Stied, dorënner och Köln, Stuttgart a Berlin. Am Februar 1943 gëtt hatt zesumme mat sengem Brudder an engem anere Member festgeholl an e puer Deeg drop viru Geriicht zum Doud verurteelt. D’Sophie Scholl bleift als couragéiert Widderstandskämpferin an Erënnerung. ... See MoreSee Less

4 weeks ago  ·  

SIMONE VEIL (1927-2017)Lieu de naissance : Nice, FranceProfession : femme politiqueFille d'un architecte franco-juif, Simone Veil a été déportée avec sa famille dans les camps de concentration allemands en 1944. Simone Veil a survécu à cette terrible période et a étudié le droit et les sciences politiques à Paris après la guerre. Elle a commencé sa carrière politique en tant que ministre de la Santé en France, un mandat au cours duquel elle a plaidé en faveur de l’IVG (interruption volontaire de grossesse). Le point culminant de sa carrière a été sa nomination en tant que première femme présidente du Parlement européen. Par la suite, elle a travaillé sans relâche pour l'Europe, la paix et le renforcement des droits des femmes. ... See MoreSee Less

4 weeks ago  ·  

MALALA YOUSAFZAI (*1997)Gebuertsplaz: Mingora, PakistanBeruff: SchülerinMalala Yousafzai ass déi mat Ofstand jéngste Friddensnobelpräisdréierin. Opgewuess ass si a Pakistan, an engem Gebitt dat vun den Taliban kontrolléiert gëtt a wou Fraen no an no all hir Rechter verluer hunn. Fir sech géint d’Ënnerdréckung vun de Fraen ze wieren, beschreift Malala Yousafzai ënnert engem Pseudonym hir Situatioun ënnert dem Taliban-Regime op engem Blog an erreecht domat e Public deen iwwer d’Grenze vu Pakistan erausgeet. Malala iwwerliewt eng Attack vun den Taliban a krut säitdeem eng sëllege Präisser an Éierungen iwwerreecht. D’Präisgelder investéiert déi jonk Kanner- a Fraerechtsaktivistin an d’Ënnerstëtzung vu jonke Fraen an hirer aler Heemescht a weltwäit. ... See MoreSee Less

4 weeks ago  ·  

JUDITH BUTLER (*1956)Gebuertsplaz: Cleveland, USABeruff: Philosophin, SproochwëssenschaftlerinJudith Butler ass eng vun de bedeitendsten Intellektuellen eiser Zäit. Si as Professorin op der University of California an ass virun allem bekannt ginn duerch hier feministesch Theorien an d’Erfuerschung vu sexuellen Identitéiten, de sougenannten Queer Studies. Hiert Haaptwierk „Gender Trouble. Feminism and the Subversion of Identity“ ass séier zum aflossräichste Buch an der Geschlechterfuer- schung ginn. Deemno si Kategorien ewéi „männlech“ a „weiblech“ keng neutral Beschreiwungen oder natierlech Kategorien, mee eng Roll, déi ee vun der Gesellschaft im- poséiert kritt. Duerch d’Erkenntnis, dass ee Geschlecht en soziaalt Konstrukt ass, huet si d’feministesch Beweegung däitlech gepräägt. ... See MoreSee Less

1 month ago  ·  

FRIDA KAHLO (1907-1954)Gebuertsplaz: Coyoacán, MexikoBeruff: Molerin Frida Kahlo ass eng vun de bedeitendste Fraen aus der Konschtgeschicht. Hiert Liewe war gezeechent vun enger Péng, déi si säit engem Accident während hirer Kandheet bis zu hirem Doud begleet huet, duerch déi si awer och op d’Molerei komm ass. 55 vun hiren 143 Wierker si Selbstportraits, an deenen Frida Kahlo hiert Liewen an hir Péng verschafft an doduerch hir Decisioun vun der Selbst-Akzeptanz a vun der Selbststännegkeet ausdréckt. Si huet sech net un déi deemoleg Konventioune vun der Konscht gehalen a konnt hiren eegene (Liewens-)Stil duerchsetzen. Doduerch ass si an de 70er Joren e wichtege Symbol vun der Fraebeweegung a fir d’ Gläichberechtegung vun de Geschlechter ginn. ... See MoreSee Less

1 month ago  ·  

De Geschichts-Kuer war bis elo fir dech nëmmen d’Léier iwwer al wäiss Männer? Net mat eis! Wärend eisem “feministesche Mount” brénge mir dir op kreativ Aart a Weis feministesch Zäitgeschicht méi no! ✊ Ronn ee Joerhonnert ass et elo hier, dass Fraen zu Lëtzebuerg dat allgemengt Walrecht kruten an domat net nëmme fir d'éischte Kéier wiele konnte goen, mee sech och selwer fir d’Parlamentswalen opsetze konnten. Fir dësen Anniversaire gebührend ze feieren, hu mir ee feministescht Kaartespill erstallt mat enger Rei vu staarke weibleche Personnagen, déi mir iech dëse Mount gären méi genee virstelle wëllen. Déi wonnerschéin Illustratioune vum Studio Mila wäert et da geschwënn och fir unzepake ginn - dir dierft gespaant sinn!🤩 ... See MoreSee Less

1 month ago  ·  

Den 11. Mäerz wäert d'Europäescht Parlament iwwer eng Resolutioun vum parlamenteegenen LGBTI-Intergroup ofstëmmen, fir déi ganz EU als eng "LGBTIQ Freedom Zone" ze deklaréieren. Dëst als Reaktioun op déi sougenannten "LGBTI Free Zones" a Polen, déi zanter 2019 existéieren a ganz Regiounen a Stied a Polen als "fräi vun LGBTI-Ideologien" déklaréiere sollen. Mir ënnerstëtzen dëse symboleschen Akt fir d'Gläichberechtegung vun all Mënsch aus der LGBTIQA+ Community an all Land vun der EU.#LGTBIQFreedomZone 🏳️‍🌈🇪🇺 ... See MoreSee Less

1 month ago  ·  

Weider op Instagramm