Gréng Chrëschtdeeg – How To

Du wells deng Chrëschtzäit gären e bessi méi gréng an nohalteg gestalten? Da bass du op desem Site genau richteg! Hei präsentéieren mir dir e puer Iddien fir op eng alternativ Aart a Weis Kaddoen ze verpaken, Kichelcher ze baken oder fir de Chrëschtbeemchen an der Stuff!

 

1. Ob Furoshiki, Zeitungspabeier oder eng flott Këscht, et gi vill Aart a Weise wéi een e Kaddo ëmweltfrëndlech apake kann. An hei stelle mir dir elo e puer dovu fir.

Furoshiki ass eng al japanesch Aart fir Saachen an engem quadratesche Stéck Stoff anzepaken. Domat ass dat och ideal fir Kaddoen! Einfach e quadratescht Stéck Stoff aus engem alen T-Shirt, Këssen oder engem Duch rausschneiden oder einfach e Stéck Stoff am Bitzbuttek kafen an du kanns scho lassleeën. Instruktioune wéi du déi verschiddensten Objeten apake kanns, gesäis du hei. De Beschenkte kann dir duerno d’Stéck Stoff einfach zréck ginn oder selwer eppes déi nächste Kéier am Stoff apaken. Et bitt sech also ideal un, ee Stéck Stoff ganz oft ze benotzen.
Mat Zeitungspabeier kann een och ganz einfach e Kaddo apaken. Wann ee selwer keng Zeitung méi kritt, da kann ee séier op de Recyclingszenter kucke goen, well do kritt ee ganz sécher déi eng oder aner Zeitung.
Et fënnt ee villäicht och um Recycling oder am Geschäft eng flott Këscht oder eng Tut aus Stoff déi een all Joer benotze kann, fir e Kaddo anzepaken. Eng flott Këscht kann een natierlech och ganz einfach selwer maachen. Dofir brauch ee just eng Schongkëscht (oder soss eng änlech Këscht) déi een entweder an Zeitungspabeier oder a klasseschem Kaddospabeier apaakt. Deckel a Këscht muss een natierlech eenzel apaken. A voilà, schonn huet een eng flott Këscht, déi een all Joer benotze kann!

2. Bio Beemchen, e Beemche fir auszeléinen, Plastiksbeemchen, an, an, an… hei fënns du déi beschten Alternativen.

Mee fir unzefänken: Firwat ass eise klassesche Chrëschtbeemchen sou ëmweltschiedlech?
Eis Chrëschtbeemercher wuessen an der Reegel a grousse Monokulture wärend 8-12 Joer, éier se grouss genuch sinn, fir bei eis an d’Stuff ze kommen. Dobäi gi vill Pestinn-, Insektiziden a vill chemeschen Dünger agesat, fir dass och all Beemchen duerch kënnt a “schéin” genuch gëtt. Dobäi kommen déi zwou Zorten, déi mir gréisstendeels als Chrëschtbeemche benotzen, mol guer net an onser Natur fir – d’Nordmanndänn kënnt ursprénglech aus dem Kaukasus an d’Blofiicht aus Nordamerika. Eis Natur gett doduerch also enorm strapazéiert.
Wat sinn dann elo déi beschten Alternativen:
  • Bei ëmmer méi Bamschoule kann een sech säin eegene Beemchen iwwer d’Chrëschtzäit ausléinen. Déi kritt een dann an engem Dëppen Heem geliwwert an se ginn um Enn vun der Chrëschtzäit och erëm ofgeholl. Et muss een sech just un e puer Reegelen halen, fir dass de Beemchen d’Chrëschtzäit an eiser Stuff iwwerlieft (z.B nätzen, kee Konschtschnéi asw.) a meeschtens kann ee souguer d’Joer drop den nämmlechte Beemchen ausléinen. Leider gëtt et de Risk, dass de Beemchen de schnelle Wiessel tëschent dem kale Buedem dobaussen, der waarmer Stuff am Dëppen an nees zréck an de kale Buedem dobaussen net iwwerlieft.
  • Déi zweetbeschten Alternativ ass de regionale bio Beemchen. Regional, well dann d’Transportweeër reduzéiert ginn a bio, well da keng Insekti-, Pestiziden a kee chemeschen Dünger benotzt ginn.
Wéi ass et mam Plastiksbeemchen? Vum kënstleche Beemche léisst een am beschten d’Fanger wech. Net nëmmen d’Hierstellung verbëtzt vill Energie a fossil, net erneierbar Réistoffer, mee och d’Transportweeër sinn enorm héich, well d’Majoritéit vun de Plastiksbeemercher a China produzéiert ginn. Jee no Plastiksbeemche muss een en 10-20 Joer laang benotzen, éier en manner ëmweltschiedlech ass wéi de klassesche Chrëschtbeemchen. Dann kennt nach dobäi, dass de kënstleche Beemche bei der Entsuergung eng grouss Ëmweltbelaaschtung duerch de ganze Plastik duerstellt.
Manner klassesch Alternative ginn et och. Sou kann een einfach e Beemchen am Gaart, am Virgaart oder um Balcon rëschten, déi ee souwisou dat ganzt Joer iwwer huet. Genausou kann een och eng normal Zëmmerplanz rëschten. Ganz geckeg gëtt et, wann een sech säi Beemchen aus Holz, Eisen, oder souguer aus Bicher selwer bastelt. Der Kreativitéit steet do näischt am Wee!

Veröffentlicht: 20:32 01/12/2020