How to: Méi ökologesch duerch den Alldag

déi jonk gréng sinn iwwerzeegt dovunner, dass et un der Politik ass, e Kader ze setzen an deem eis Industrie, eis Wirtschaft, eis Mobilitéit, asw. am Respekt vun eiser Natur an eisen natierleche Ressourcë fonctionnéieren.

Trotzdeem kann och all Eenzele vun eis a sengem Alldag e Bäitrag fir eng méi nohalteg Gesellschaft leeschten an säin ökologesche Foussofdrock reduzéieren. 

Den ökologesche Foussofdrock moosst net nëmmen, wéi vill jidderee vun eis am Alldag verbraucht, mee e berécksiichtegt och wou ons Ressourcen hierkommen a wéi eisen Offall entsuergt gëtt. 

Wann dir ären aktuellenökologesche Foussofdrockrechne wëllt, da kënnt derdat op footprintnetwork.org maachen.

Äddi Stand-by Modus: Elektrogeräter ganz ausmaache wann een se net méi benotzt. Esou kann ee vill Stroum spueren.

 Mat Deckel kachen – dat geet méi schnell a spuert gläichzäiteg Stroum/Gas.

Fleeschkonsum reduzéieren– manner Importer vu Fuddermëttel, méi qualitatiivt Fleesch… natierlech ëmmer regional, bio a fair! Dat schount eis Natur an de Klima. 

Krunnewaasser drénken, am beschten aus enger erëm befëllbarer Fläsch – dat ass méi bëlleg an ouni onnéideg Transportweeër.

1,5L Waasser aus dem Supermarché kaschten souvill wéi 200L Krunnewaasser

Stousslëften amplaz d’Fënsteren de ganzen Dag op Kipp ze hunn – dat ass méi effikass a virun allem am Wanter spuert een esou vill Energie an Heizkäschten.

Mikroplastik vermeiden – a Kleeder, Zahnpasta, Shampoing an aner Kosmetik-produkter fënnt een oft dës Partikelen déi dann an eist Ofwaasser geroden an net kënne vu Kläranlagen erausgefiltert ginn.

Haart Seef benotzen – dat heescht manner Offall duerch Plastiksbehälter.

Méi kuerz a mat manner Waasser duschen – beim Aseefen d’Waasser zoudréinen, dat ass méi ökologesch a spuert Suen.

E kale Motor verbraucht a verschmotzt méi. Dofir den Auto doheem loossen, virun allem bei kuerze Strecken. Dat ass besser fir d’Loft a fir de Klima.

Öko-Tuten a Kierf benotze beim Akafen – dat féiert zu manner Plastik op dëser Welt!

Uebst, Geméis, asw. ëmmer ouni Verpackung kafen a keen onnëtze Plastik benotzen.