Howto2.0

déi jonk gréng sinn iwwerzeegt dovunner, dass et un der Politik ass, e Kader ze setzen an deem eis Industrie, eis Wirtschaft, eis Mobilitéit, asw. am Respekt vun eiser Natur an eisen natierleche Ressourcë fonctionnéieren.

Trotzdeem kann och all Eenzele vun eis a sengem Alldag e Bäitrag fir eng méi nohalteg Gesellschaft leeschten an säin ökologesche Foussofdrock reduzéieren.

Den ökologesche Foussofdrock moosst net nëmmen, wéi vill jidderee vun eis am Alldag verbraucht, mee e berécksiichtegt och wou ons Ressourcen hierkommen a wéi eisen Offall entsuergt gëtt.

Wann dir ären aktuellenökologesche Foussofdrockrechne wëllt, da kënnt derdat op footprintnetwork.org maachen.

Tipp 1: #Ennerwee 🍽🥣☕️

💡Jidderee kennt de Sproch « sur place ou à emporter ? ». Leider heescht « à emporter » dacks ee Becher aus engem Pabeier-Plastikverbond. No puer Minutte geheie mer en ewech, a schwéier ze recycléieren ass en och nach. Dofir éischter en TO-GO Becher aus nohaltege Materialen ewéi Glas, Porzeläin, Stol oder Bambus benotzen.

💡Dacks kritt een d’Iessen am Imbiss oder bei Food Trucks nëmme mat Single-Use Boxen a Geschir. Dofir besser déi eege Box an eegent Geschir mathuelen oder no der Ecobox vum Ëmweltministère froen, dat schount eis Ressourcen an ass gutt fir eis Ëmwelt.

Tipp2: #Buedzëmmer 🚿🧽🛀

💡Nuesschnappecher, Läppchen an Ofschminkpads sinn oft aus Zellulos oder Watt a gi meeschtens nëmmen eng Kéier benotzt éier se erëm ewechgeheit ginn. Dowéinst ass et méi nohalteg op stoften Nuesschnappecher, Läppercher an Ofschminkpads ze setzen.

💡Zänn wäschen ass eppes wat een am Duerchschnëtt zweemol den Dag mécht, a wou een net onbedéngt mengt dass ee mat Plastik a Kontakt kënnt. Ma oft fënnt een an Zahnpasta Mikroplastik, den Tüb ass aus Plastik an d’Zännbiischt och! Do ginn et awer flott Alternativen, ewéi zB. Zännbiischten aus Holz oder Bambus a fest Zahnpasta ouni Plastiksverpackung.


Tipp3: #Kichen 🍅🍆🥦🥕🥔🥗🍝🍲🌿

💡Du wëlls däin Date mat denge Kachkënscht beandrocken? Kache mat frësche Kraider, ass ganz einfach, och ouni Balcon oder Gaard bei dir Doheem. Einfach Buedem zesumme mam Som an e Behälter (zB. en aalt Glasdëppchen) man, a schon kann et lass goen!

💡Amplaz Frischhaltefolie aus Plastik oder Aluminium, gëtt et eng nohalteg Alternativ déi een och selwer kann hierstellen: Beiewuesdicher. E Produit deen net nëmmen biologesch ofbaubar mee och nach wäschbar ass an ëmmer erëm genotzt ka ginn!


Tipp4: #DoheemAnDerWelt 🚌🚉🛤⛵️🌍☃️🌞⛅️🌈

💡Loscht op Vakanz op der Plage oder an enger hipper Stad? Mat Zuch oder Bus kann ee bequem d’Landschaft genéissen, ma et mécht ee gläichzeiteg eppes fir d’Emwelt, wann een op de Fliger verzicht. Ukomm an der Vakanz gëllt et och do d’Natur an d’Emwelt ze respektéieren a kee Knascht ze hannerloossen.


Tipp5: #Recycled 📗📚📝🌳🌴🌱🍀

💡Am Cours oder um Büro verbrauchs du vill Pabeier? Dann kuck nom Recycling Logo wann’s du de Pabeier keefs, fir sécher ze sinn dass en aus alem Pabeier gemaach ginn as. Am Sënn vun enger effizienter Kreeslafwirtschaft, schount dëst net nëmmen eis Bëscher, mee suergt och fir eng besser Loftqualitéit.


Tipp6:
#Menstruation 💃📆

 
💡Keng Loscht méi op Tamponen a Binden aus Plastik oder anere Materialien, déi een duerno einfach ewech geheit? Et ginn ökologesch Alternativen déi op laang Dauer och vill Sue spueren: Cups a stofte Binden!
 
#ReegelasskeeLuxus