Kee Social Media Verbuet fir Jonker!

Pressecommuniqué Kee Social Media Verbuet fir U16

Mir, déi jonk gréng schwätzen eis géint de Verbuet vu Social Media fir Jonker ënner 16 Joer aus. Mir sinn net averstanen domat, dass dës Diskussiounen ouni déi Jonk stattfannen. E Verbuet wär an der Praxis ganz einfach ze ëmgoen a géif déi Jonk vun de positiven Aspekter vu soziale Medien ausschléissen. Déi negativ Aspekter, déi ee probéiert mat sou engem Verbuet ze verhënneren, betreffen net just déi Jonk, mee och déi Erwuessen. Mir fuerderen dowéinst eng streng Reguléierung vun de Plattformen an net vun engem Deel vun de User. 

An der aktueller Debatt gëtt sou gemaach, wéi wa just Jonker negativ vun de soziale Medie géife beaflosst ginn. Dobäi ginn och Erwuessener vu Fake News, KI Inhalter, falsche Schéinheetsidealer, Mobbing a villem méi beaflosst, manipuléiert an/oder sinn Affer dovun. E Verbuet fir Jonker wier also just eng Verlagerung vum Probleem an d’Erwuessenenalter eran. Et handelt sech heibäi ëm eng weider politesch Diskussioun, an déi d’Jugend net agebonne gëtt, mee iwwert hir Käpp ewech decidéiert gëtt.

An der Realitéit ass e Verbuet vu soziale Medie fir Jonker net ëmsetzbar. Et existéieren ze vill einfach Weeër fir dës Verbueter ze ëmgoen. Dat entweder duerch alternativ Plattformen, déi (nach) net vun de Verbueter wäerte betraff sinn oder duerch ganz einfach VPNen. Ausserdeem existéiert keng kohärent Definitioun vu Social Media, soudass net kloer kann definéiert ginn, wat fir Plattforme misste verbuede ginn a wat fir net. Et herrscht de Risiko, dass och nëtzlech Plattforme vun engem Verbuet kéinte betraff sinn, zB. Foren, an deene Jonker sech zu Themen austauschen a selwer hëllefe kënnen, déi si interesséieren oder betreffen. 

Den eigentleche Problem vun de soziale Medien sinn net seng User, ob mannerjäreg oder erwuessen, mee d’Firmen hannert de Plattformen. Déi hale sech wéinst Profitmaximiséierung oder wéinst hirer politescher Agenda net un europäesch Gesetzer a Richtlinnen a stellen domat eng Gefor fir eis gesamt Gesellschaft duer. 

Mir fuerderen, dass Regierung de Problem mat der Wuerzel peekt. Lëtzebuerg soll sech engagéieren, eng gemeinsam europäesch Léisung ze fannen, dass d’Firmen hannert de Plattformen sech un déi europäesch Gesetzer a Reegelen halen. Bei Verstéiss sollen ëffentlech europäesch Alternative geschaf ginn an déi, déi schonn existéiere gepusht ginn. Ausserdeem muss d’Regierung déi ganz Gesellschaft besser iwwer d’Gefore vun de soziale Medien opklären a fir de richtegen Ëmgang domat sensibiliséieren.


Notre communiqué de presse en Luxembourgeois et en Français

Veröffentlicht: 14:57 23/01/2026