Keng Pensiounsreform op Käschte vun deene Jonken

Als Jugendparteien hu mir eis am Kader vun der Debatt iwwert eng méiglech Pensiounsreform zesummegedoen. Mir wëllen deene Jonken eng staark Stëmm ginn an eis dofir asetzen, dass eng zukünfteg Reform net nëmme finanziell nohalteg mee och generatiounegerecht soll sinn.
Als Jugendorganisatiounen ass et fir eis ganz kloer: Mir stinn zu engem staarken, nohaltegen an eenheetlechen ëffentleche System, deen et deenen erlaabt, déi haut schaffen, muer an Dignitéit hir Pensioun ze genéissen. Mir wëlle vermeiden, dass eng méiglech Reform laanscht déi Jonk proposéiert gëtt, déi d’Pensioune vun haut mat hire Cotisatioune finanzéieren.
Mir sinn der Meenung: bei engem gesellschaftlechen Effort ass jidderee gefuerdert. Egal op Jonk oder Al, egal op Salarié oder Beamten.Jidderee soll oppen a kompromëssbereet an des Diskussioun eragoen an all Generatioun soll een Effort maachen.
Dofir hu mir eis zesummen ob 5 Prinzippie gëeenegt fir déi mir, als Jugendorganisatiounen, gemeinsam an dëser Debatt wäerten am Interessi vun der Zukunft vun deene Jonken astoen.
- Prinzip 1: Et besteet Handlungsbedarf beim Régime Général, esou wéi bei de Régimes Spéciaux. Och wann d’Projektioune variéieren, d‘Tendenz ass kloer: Déi zwee Systemer si finanziell aus dem Gläichgewiicht geroden. Et soll een sech awer déi néideg Zäit fir eng breet Diskussioun ginn, fir eng iwwerluechten Decisioun ze huelen.
- Prinzip 2: Et ass Zäit fir eng definitiv Harmoniséierung vun de Régimes Spéciaux an dem Régime Général. Dës Pensiounsreform bitt d‘Geleeënheet fir eng Vereenheetlechung vu béide Pensiounsregimmer hierzestellen. Mir appelléieren dofir un de politesche Courage. Béid Systemer, déi ab dem Joer 2040 souwisou net méi wierklech ze ënnerscheede sinn, wëlle mir méi fréi beienee féieren.
- Prinzip 3: Keen Ofschafe vun der Unerkennung vun de Formatiounsjoren. An Zäite vun „Life-Long-Learning“ sollt een awer eng Moderniséierung vum Dispositif virgesinn. Déi géif d’Méiglechkeet bidden, d‘Formatiounsjoren iwwert dat ganzt Liewen ewech unzerechnen an net stuer um aktuellen Altersintervall festzehalen.
- Prinzip 4: Keng Hausse vum legale Pensiounsalter a Bäibehale vum Prinzip vu 40 Annuitéiten. D‘Zäit a gudder Gesondheet ass dat Wäertvollst wat eis Bierger hunn. Een Eropsetze vum legale Pensiounsalter oder den Annuitéite géif besonnesch déi Jonk, déi haut ufänke mat schaffen, treffen. Mir sinn awer fir d’Aféierung vun Incitatioune fir déi, déi méi laang schaffe goe kënnen a wëllen.
- Prinzip 5: Eng Revalorisatioun vun der Mindestpensioun. D’Mindestpensioun fir eng 40 Joer Karriär läit aktuell bei 2293,55 Euro, a soumat 258 Euro ënnert dem Budget de Référence fir Senioren, deen ee laut STATEC brauch, fir zu Lëtzebuerg a Dignitéit liewen ze kënnen. Fir eng gerecht Pensiounsreform brauch et eng Opwäertung vun den ënneschte Pensiounen.
Dës Reform muss generatiounegerecht ginn.
Metty Steinmetz CSJ, Tammy Huberty déi Jonk Gréng, Max Molitor Jonk Sozialisten, Andrés Marques Jonk Lénk, Lou Linster Jonk Demokraten
Pressecommuniqué als PDF
Veröffentlicht: 21:43 13/03/2025