E neien Elan fir d’Energiewend an Europa fir eis Klimaziler ze erreechen

De Paräisser Klimaaccord gesäit eng Reduzéierung vun der Äerderwiermung op +2°C vir, am beschten Fall 1,5°C. 196 Länner, dorënner all d’EU-Staaten, hunn den Accord ënnerschriwwen a sech domadder derzou verflicht, déi néideg Ustrengungen ze ënnerhuele fir dëst ambitiéist Zil ze erreechen. Géif déi aktuell Politik awer am globale Kontext virugefouert ginn, géif sech de Klima ëm ganzer 3,2°C erwiermen, wat mat onvirstellbare Konsequenze fir d’Liewensqualitéit op eisem Planéit verbonne wier. Fir d’Klimakriis ofzewenden an de kommende Generatiounen eng liewenswäert Zukunft ze garantéieren, musse mir elo als Europäesch Unioun de néidege Courage weisen an déi noutwenneg Schrëtter aleeden. Dofir sinn d’Europawahlen och Klimawahlen.

D’Energiepolitik ass ee vun de Schlësselberäicher fir de Klimawandel unzegoen. D’Energiewend kann awer nëmme geléngen, wann d’Europäesch Unioun zur Energieunioun gëtt an déi verschidde Länner enk kooperéiere bei der Energieversuergung, woubäi se bei der Produktioun op hir jeeweileg Stäerkte setze kënnen. Wärend déi baltesch a skandinavesch Länner virun allem Potenzial bei der Wandenergie hunn, erlaabt de mediterrane Klima deene südeuropäesche Länner den Opbau vun enger Energieversuergung baséierend op Solarenergie. Duerch d’Interconnectioun vun de Reseauen an den Asaz vu Späichertechnologie kann de Stroum duerch ganz Europa transportéiert ginn an domadder och déi Länner mat manner Produktiounspotenzial bis 2050 duerch 100% erneierbar Energie versuergen.

D’Energiewend erlaabt eis net nëmmen de kompletten Ëmstieg op eng ëmweltfrëndlech Energieproduktioun mee och en Enn vu monopolistesche Wirtschaftsstrukturen an der Stroumbranche. D’erneierbar Energien erlaaben eng Dezentraliséierung vun der Produktioun, wouduerch de Konsument zum Produzent (Prosumer) gëtt andeems Wand- a Solaranlage vun Energiekooperative bedriwwe kënne ginn an d’Mënschen hir Diech mat Solarpannels bedecke kënnen. Och entsti vill Aarbechtsplazen, z. B. am Handwierk, duerch déi energetesch Sanéierung vu Gebaier.

Den Ëmstig op regenerativ Energie gëtt et natierlech net zum Nulltarif. Fir déi néideg Investissementer ze finanzéieren, mussen d’Subventioune fir fossil an atomar Energieträger gestrach ginn. Fuerschungsgelder däerfe just nach fir emissiounsfräi/-aarm Zukunftstechnologien an innovativ Recyclingprozesser am Sënn vun enger ressourcëschounender Ekonomie circulaire virgesi ginn a bestoend Projeten ouni Aussiicht op Erfolleg wei de Projet ITER am Frankräich mussen auslafen. De Ressourcëverbrauch muss méi staark besteiert ginn, woufir sech z. B. eng Kerosinsteier eegne géif, wärend ëmweltfrëndlech Alternative wei den Zuch méi bëlleg musse ginn.

Doriwwer eraus géif eis den Ausstig aus de fossillen Energien onofhängeg vun autokratesche Staaten wei Russland oder Saudi-Arabien maachen, soudass dës d’Energieversuergung net méi als Drockmëttel kéinte benotzen, wei mer et am Moment beim klima- a geopolitesch onsënnege Projet Nord Stream 2 gesinn. D‘EU kéint domadder hir geopolitesch Stellung an der Welt stäerken a méi proaktiv fir Mënscherechter an Demokratie kämpfen ouni duerch Interessekonflikter dovunner ofgehalen ze ginn.

Bei den Europawahle kënnen d’Wäiche gestallt gi fir eng gréng Energieversuergung. Kommt mir huelen dës Erausfuerderung un a schaffen als progressiv politesch Kräften zesumme fir eis Klimaziler am Interesse vun eis alleguerten ze erreechen.

Jessie Thill, Walferdange

Mei Infoen zu den Europawahlen:

Veröffentlicht: 16:36 23/05/2019