Lëtzebuerg als Bopistaat? Ginn déi Jonk elo komplett ausgenotzt?

Du wunns zu Lëtzebuerg a bass méi al wéi 50? Dann hues du den Herrgott mat der décker Zéif! Bass du awer méi jonk wéi 35? Da muss du kucken, dass du selwer Eens gëss.

De CEO Luc huet geschwat. All Mënsch ënner 35 Joer muss 5 Joer méi laang schaffe goen, wéi d’Generatioune virdrun. Just sou kéim een an de volle Genoss vun der Pensioun. An iwwerhaapt, méi laang schaffe goe wier guer net sou schrecklech, mengt de CEO.

Wann d’Leit zu Lëtzebuerg alleguer sou vill verdénge géifen, wéi de CEO Luc op enger décker internationaler Bank, Member a Präsident vu verschiddene Verwaltungsréit, Präsident vun der Chambre de Commerce a Premierminister, da géif de Gros him warscheinlech zoustëmmen. Da wiere 5 Joer méi laang schaffen och net sou schrecklech. Mee d’Realitéit ass déi, dass vill jonk Leit net sou vill verdéngen, mee sech mat ustrengenden Aarbechtskonditioune vun enger Pai bis déi nächst duerchschloe mussen. Keng Chance op Verméigensopbau, well dat ganzt potenziellt Verméigen an de Logement fléisst. An et ass keng Besserung a Siicht. Fir déi jonk Leit ouni Verméigensperspektiv, an déi, déi sech gesondheetlech a kierperlech vreckt schaffen, si 5 Joer méi laang schaffe schrecklech. A vun engem CEO mat décker Zéif loosse mir eis net vum Géigendeel beléieren.

D’Pensioune ginn och als Generatiounekontrakt bezeechent, well déi Jonk mat hire Paien d’Pensioune vun den Ale finanzéieren. Dat ass och fair, soulaang déi Jonk och eppes zeréckkréien, wou déi Jonk selwer Verméigen opbaue kënnen, zu abordabele Präisser wunne kënnen, vu sozialer Gerechtegkeet profitéiere kënnen a sech an enger intakter Ëmwelt mat engem gesonde Klima zeréckfannen. Am Allgemengen eng liewenswäert Zukunft. Déi Jonk ginn awer ausgenotzt, fir dass déi al weiderhin op Pomp am Floribus liewe kënnen. De Generatiounswiessel gëtt net ageleet, iwwerall setzen al Leit op den décke Plazen an treffen Entscheedungen, vun deenen al Leit am meeschte profitéieren. Soubal mir, déi (nach) jonk Leit drukommen, ierwe mir e Lëtzebuerg, dat a Schierbele läit. Ëmwelt, Klima, Logement, sozial Strukturen, a villes méi wäerte mir an engem schlechten Zoustand iwwerhuele mussen. All dat gëtt geaffert, fir de Räichtum vun den ale Leit ze garantéieren. Déi Al sinn net méi do, wann de Koup Schierbelen net méi liewenswäert ass.

Säit d’CSV-DP Regierung den Debat vun der Pensiounsreform ugestouss huet, huet si behaapt, dass si d’Generatiounsgerechtegkeet als wichtegt Element vun der Reform onbedéngt anhale wéilten. Vu Gerechtegkeet ass allerdéngs keng Spuer an engem System, wou déi Al 5 Joer manner laang cotiséiere mussen an um Enn 5 Joer éischter eng Pensioun bezéien, wéi déi Jonk.

D’Politik huet zougelooss, dass déi Al schrëttweis d’Ëmwelt, d’Klima, de Logement an déi sozial Gerechtegkeet zu Gonschte vum kuerzfristege Räichtum drop gemaach hunn. Eis Regierung wëll zouloossen, dass d’Generatiounsgerechtegkeet just eng Fabel bleift. Mir, déi jonk gréng, wäerten eis net vum CEO Luc ausnotze loossen. Mir fuerderen, dass d’Cotisatiounsjoren net gehuewe ginn an dass d’Recetten aus der CO2 Steier wéi virgesi fir de Klima- an Ëmweltschutz agesat ginn. De Pensiounssystem dierf net géint de Klima- an Ëmweltschutz ausgespillt ginn! Mir fuerderen dass d’Regierung sou séier wéi méiglech déi néideg Mesuren trëfft, fir eis eng liewenswäert a gerecht Zukunft ze erméiglechen an hiren Deel vum Generatiounekontrakt anhält.

Eis Fuerderunge fir d’Pensiounsreform fannt dir op eiser Internetsäit: https://jonkgreng.lu/eng-pensiounsreform-muss-zukunftssecher-si-fir-kommend-generatiounen-a-fir-dklima/

Eise Pressecommuniqué als PDF:

Veröffentlicht: 23:32 16/05/2025