Lëtzebuerg: Klimaneutral an feministesch

Audio Datei op RTL.lu (Link)

De Klimawandel mécht sech ëmmer méi staark zu Lëtzebuerg bemierkbar. Mir si betraff vu kräftegem Reen, Iwwerschwemmungen,  dréche Summer a Recolten, déi ausfalen. Et gehéiert zu de groussen Aufgabe vun eiser Zäit, fir d’Äerderwiermung duerch eng couragéis Politik op 1,5 Grad ze begrenzen. Mir fuerderen e massiven Ausbau vun den erneierbaren Energien, woubäi d’Bierger*innen verstäerkt d’Méiglechkeet kréie mussen, sech u lokalen Energiekooperativen ze bedeelegen. Am Kontext vun der Klimakris ass et onverantwortlech, weider op den Tanktourismus setzen.. Et muss och weider an den ëffentlechen Transport an an d’Mobilité douce investéiert gi fir jidderengem eng Alternativ zum privaten Auto ze bidden. Ob sportlech Betätegung um Vëlo oder d’Liese vun engem gudde Buch am Zuch, et ginn eng Hällewull vun agreabelen Alternativen zur verschwenter Zäit am Stau.

Claire Remmy, 20

Wa mir eis Klimaziler erreeche wëllen, musse mir eis awer och mat eisem Konsum auserneesetzen. Mir wëlle kee Bëllegfleesch, wat vu wäit fort muss importéiert ginn a fir deem seng Produktioun de Reebësch verschwënnt mee mir kafe beim Biobauer aus der Regioun an, deen op Pestizide verzicht a seng Déieren aartgerecht hällt.

An deem Sënn däerf et och kee Fräihandelsofkommes tëschent der EU a Staate wéi Brasilie ginn.

Wichteg ass dobäi, dass mir d’Mënschen op deem Wee an eng klimaneutral Zukunft mathuelen.  D’Protester vun deene Jonken aus deene leschte Méint weisen, dass eis Generatioun den Eescht vun der Lag erkannt huet.

Wann d’Greta eis eppes gewisen huet, dann ass et, dass all eenzeg Persoun, egal wéi Kleng oder Grouss, Al oder Jonk, mat hirem Verhalen derzou bäidroe kann, eise Planéit ze retten.

 

Liam Bremer, 20

Leider sinn et oft dës engagéiert Jugendlech, a grad déi weiblech ënner hinnen ewéi d’Greta, wou oppe mat Haass- a Gewaltundreeunge konfrontéiert ginn.
Dowéinst definéiere mir jonk gréng eis net nëmmen als Klima-Aktivisten an Ëmweltschützer, mee och als Feministen.
Trotz Gläichstellung tëschent Mann a Fra virum Gesetz bestinn zu Lëtzebuerg an der Realitéit nach ëmmer Diskriminatiounen.
Nach ëmmer si manner Fraen ewéi Männer op héije Positiounen, sief dat an der Politik, an der Wirtschaft oder beim Staat.
100 Joer ass et hier datt d’Fraen d’Walrecht hei zu Lëtzebuerg kruten an trotzdeem hu mer nëmme 5 vu 17 weiblech Regierungsmemberen, manner ewéi 30 Prozent weiblech Deputéiert an nëmmen 12 vun eisen 102 Buergermeeschteren si Fraen. Och an der Wirtschaft besteet nach ëmmer de gliesene Plaffong an d’Frae ginn nach systematesch manner entlount a belount. A ville Reklammen, Videospiller a Filmer gi Fraen oft op hire Kierper reduzéiert oder se entspriechen dem Cliché vun der Hausfra.

Mee dobäi bleift et net… Frae ginn och méi oft Affer vu Gewalt a sexueller Belästegung. 67% vun de Fraen si säit dem Alter vu 15 Joer  schonn eng Kéier sexuell belästegt ginn. Mech erschreckt dës Zuel. Keng Fra soll esou eppes erliewe mussen. Mir mussen eis als Gesellschaft a Fro stellen an eppes dergéint ënnerhuelen.

Et geet net dorëms Männer ze verdäiwelen oder Fraen ze privilegéieren, mee  (dorëms) jidderengem déi selwecht Chancen ze ginn. Mir brauchen en gesellschaftleche Wiessel deen et eis erlaabt déi klassesch Rollebiller vu Mann a Fra ze duerchbriechen a genau dofir brauche mir Feminismus, a genau dofir sinn och ech Feminist.

Veröffentlicht: 11:13 02/12/2019