Lëtzebuerg wëll Palästina unerkennen – Elo muss den Drock erhéicht ginn!

Mir gesinn et positiv, dass Lëtzebuerg ugekënnegt huet, Palästina haut den Owend am Kader vun der UN-Vollversammlung offiziell unzeerkennen – besser spéit wéi ni. Mee dëse Schrëtt geet net duer.

Israel setzt seng vëlkerrechtswiddrege Siidlungspolitik an de Krich a Gaza weider, dee villen Zivilist*innen d’Liewe kascht. Soulaang déi international Gemeinschaft – an domat och Lëtzebuerg – net prett ass, richteg Drock op déi israeelesch Regierung auszeüben, ass eng onofhängeg Zukunft fir Palästina net méiglech. Dowéinst fuerdere mir vum Premierminister Luc Frieden an dem Ausseminister Xavier Bettel, den néidegen Drock op déi israeelesch Regierung ze erhéijen.

Eis Fuerderungen un d’Lëtzebuerger Regierung:

  1. Keng israeelesch Fonds op der Lëtzebuerger Finanzplaz (CSSF): D’Lëtzebuerger Finanzplaz däerf net weider Kapital verwalten, dat mat Mënscherechtsverletzungen a Verbindung steet.
  2. Transparenz beim Handelsbüro zu Tel Aviv (LTIO): D’Lëscht vun alle Firmen, mat deenen den LTIO zesummeschafft, muss verëffentlecht ginn.
  3. Areesverbueter: D’Membere vun der israeelescher Regierung, déi aktiv un de Verbrieche géint Palästinenser*inne bedeelegt sinn, sollen net méi zu Lëtzebuerg areese kënnen – änlech wéi Holland dat schonn ëmsetzt.
  4. EU-Sanktioune géint Israel: Lëtzebuerg muss déi vun der EU-Kommissioun recommandéiert Sanktiounen aktiv ënnerstëtzen a sech kloer fir d’Ëmsetzung asetzen.
  5. Iwwerzeegungsaarbecht an der EU: Lëtzebuerg soll geziilt op déi Memberstaaten awierken, déi nach zécken, eng gemeinsam europäesch Linn vun de Sanktioune matzegoen.

Lëtzebuerg dierf sech net weider hannert enger renger Symbolpolitik verstoppen. Et brauch elo Entschlossenheet, fir de Fridden, d’Gerechtegkeet an de Respekt vun de Mënscherechter a Palästina ze bréngen.

(German, French and English Version below)

(longer version in German and French)

Veröffentlicht: 12:31 22/09/2025