Neie Comité gewielt: prett fir de Wahlkampf

Als Co-Spriecher bleiwen et fir e weidert Joer d’Catia Fernandes (29) an de Meris Sehovic (26). Och d’Mandat vum „Schatzmeister“, Felix Schmit (24), ass fir weider 12 Méint verlängert ginn. Weider Comitésmembere sinn: Joel Back (22), Liam Bremer (18), Karma Catena (16), Tanja Duprez (22), Tom Faber (29), Mylana Pfeiffer (24) an Jessie Thill (22).

Meris Sehovic, Co-Spriecher vun déi jonk gréng, erkläert: „Den neie Comité start mat neiem Elan an dëst wichtegt Wahljoer. D’Resultat bei de Gemengewahlen huet gewisen, dass d’Wielerinnen an d’Wieler sech eng Erneierung an der politescher Landschaft wënschen. Jonk Kandidatinnen a Kandidaten hu parteiiwwergräifend vill Zousproch erhalen. An dësem Sënn wëlle mir d’Erneierung vun der grénger Partei weider virundreiwen a méiglechst vill jonk-gréng Kandidatinnen a Kandidaten op d’Wahllëschte vun „déi gréng“ etabléieren. Als politesch Jugendorganisatioun wëlle mir am Virfeld vun de Parlamentswahlen eis Virschléi an d’ëffentlech Debatt abréngen a Mënsche fir d’Politik begeeschteren.“

Catia Fernandes, Co-Spriecherin vun déi jonk gréng, seet weiderhin: „Fir eis bleift d’Wunnengspolitik eng Prioritéit, hei wëlle mer dëst Joer kloer Alternativvirschléi op den Dësch leeën. Eis ass et och wichteg, endlech eng Diskussioun iwwert Integratiounspolitik ze lancéieren: nom mëssgléckte Referendum gëtt dëst Thema politesch evitéiert, dobäi ass d’Zesummeliewen a Lëtzebuerg an d’Vermeide vun engem Demokratiedefizit och am kommende Wuesstumsdebat substanziell. Wéi wëlle mer zesumme liewen a wunnen? Wéi kënne mer d’Ongläichheet bekämpfen? Wéi kënne mer jidderengem d’Geleeënheet ginn, bei der Gestaltung vun der Politik matzewierken? Dat sinn d’Froen, op déi mir dëst Joer eis Virschléi virstelle wëllen.“

Veröffentlicht: 17:30 17/02/2018