Pressecommuniqué – Afepouken: méi Preventioun an Opklärung, manner Passivitéit a Stigma

Photo by Ed Us on Unsplash

D’WHO huet den 23ten Juli d’Afepouken als gesondheetlech Noutlag vun internationaler Drowäit klasséiert an d’lescht Woch gouf et den éischten Doudesfall an Europa. Et ass gutt méiglech, dass d’Krankheet méi verbreet ass ewéi geduecht. Zu Lëtzebuerg hat de Gesondheetsministère am Mee e Communiqué erausginn, an deem fälschlecherweis behaapt gouf, dass de Risiko vun enger Ustiechung bei Männer mat gläichgeschlechtleche sexuelle Rapporte méi héich wir. Och wann et de Moment en Hotspot an dëser Community gëtt, ass de Grond fir eng Ustiechung net op homosexuelle Geschlechtsverkéier per se zréck ze féieren an et handelt sech och net ëm eng Geschlechtskrankheet.

D’Experte vun der WHO hunn an hirer Pressekonferenz de 27ten Juli och betount ewéi wichteg et ass, datt dës Krankheet net als „Schwulekrankheet“ stigmatiséiert gëtt. Ausserdeem entsteet de falschen Androck datt just homosexuell Männer dës Krankheet kéinte kréien a fir aner Leit kee Risiko besteet.

Am Frankräich goufe scho 7.000 Mënsche géint Afepouke geimpft, och an anere Länner fänke gezielten Impfcampagnen un, wougéint hei zu Lëtzebuerg nach keng eng Persoun geimpft gouf.

Als jonk gréng fuerdere mir dofir:

  • Direkt eng kloer Opklärungs- a Preventiounscampagne ze lancéieren, ouni Stigmatiséierung an Tabuiséierung mat enger renforcéierter an cibléierter Sensibiliséierung bei personnes à risque[1].
  • Datt ons Efforte fir Impfstoffer ze kréien däitlech eropgeschrauft ginn, well di aktuell bestallten Dosen net wäerten duer goen an datt mir esou schnell ewéi méiglech ufänken mat impfen.
  • Datt déi bestoend Infrastrukture vun de Covid-19 Impfzentere genotzt gi fir och géint Afepouken ze impfen.
  • Regional walk-in Zenteren wou Persounen sech ganz onkomplizéiert a sécher ënnersichen an teste loosse kënnen.

Dir kënnt de Communiqué hei eroflueden.


[1] Laut WHO sinn dëst Persounen déi a Kontakt ware mat Infizéierten, Gesondheetspersonal, verschidden Laboranten a Persounen déi vill sexuell Partner hunn. (https://www.who.int/publications/m/item/monkeypox–covid-19—other-global-health-issues-virtual-press-conference-transcript—27-july-2022)

Veröffentlicht: 22:08 05/08/2022