Santé mentale et bien-être des jeunes

Laut der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) fale mental Krankheete wéi Depressiounen an Angschtstéierungen an d’Top 5 vun den heefegste Krankheete bei Kanner a Jugendlechen.[1] Den Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand (ORK) schwätzt vu 15-20% vu Jugendlechen an Europa, déi ënner psychologesche Problemer leiden, a schätzungsweis geet d’Hallschent vun de psychesche Krankheete bei Erwuessenen op d’Kandheet a Jugend zréck, woubäi eng Majoritéit vun de Krankheeten ni traitéiert ginn.[2]

De Lockdown, deen duerch déi ëmmer méi staark Verbreedung vum COVID-19 huet misse verhaange ginn, riskéiert, sech generell negativ op déi psychesch Gesondheet vun de Leit auszewierken a wéi eng rezent Etüd vum Statec weist, schénge Jonker heivunner iwwerproportional betraff ze sinn.[3] Wéi d’Resultater aus Däitschland weisen, wou méi wéi 70% vun de Kanner a Jugendlechen sech duerch d’COVID-19-Kris séilesch belaascht fillen, ass dëst net op Lëtzebuerg begrenzt.[4] Well d’Wuelbefanne vum Mënsch enk mat senger mentaler Gesondheet zesummenhänkt an indispensabel ass fir seng perséinlech Entwécklung, ass et fir déi jonk gréng wichteg, dass déi mental Gesondheet endlech dee Stellewäert kritt, deen se verdéngt, ob als transversaalt Thema am Bildungsberäich, bei der Organisatioun vum Aarbechtsliewen oder beim Zougang zu psychotherapeutesche Leeschtungen. Grondsätzlech schwätze mir eis fir eng präventiv Approche aus, bei där mental Problemer enttabuiséiert ginn a Betraffener fréizäiteg déi Hëllef kréien, déi se brauchen.

Op deser Säit fannt dir eis Positiounen zum Thema vun der mentaler Gesondheet, agedeelt an déi folgend Kapitelen:

  1. Schoul
  2. Universitéit
  3. Aarbecht
  4. Diskriminéierung a Mobbing
  5. Häuslech Gewalt
  6. Suicide
  7. Beruff vum Psychotherapeut a Psycholog

Schoul

An engem schouleschen Ëmfeld, wou den Drock grouss ass an déi sozial Netzwierker omnipresent sinn, wat derzou féiert, dass een säin Alldag konstant mat deem vun anere Leit vergläiche kann, besteet bei de Schüler*innen e Besoin, sech emotional aneren unzevertrauen. Mental Krankheeten ewéi Depressiounen oder Angschtstéierungen, déi mat Schlofproblemer a Stress zesummenhänken, oder och Traumae gi just seelen an der Schoul thematiséiert, obwuel se net rar sinn. Besonnesch de Suicide bei Jonken ass en absolut Tabuthema, jiddefalls esou laang bis et zu engem Suicidefall kënnt an d’Schouldirektiounen immediat Mesuren huele musse fir Panik ze verhënneren. Et wier dofir rotsam fir de Sujet vun de mentale Krankheeten an hire Konsequenze präventiv ze thematiséieren. Déi psycho-sozial Servicer vum « Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires » (CePAS), deen an alle Lycéeën als « Service psycho-social et d’accompagnement scolaires » (SePAS) vertrueden ass, stellen en éischte Léisungsusaz duer mee vill Schüler*inne bréngen zum Ausdrock, dass si sech net traue fir sech Psychologinnen unzevertrauen.

Servicer ewéi de ,,KannerJugendTelefon’’ si wichteg Strukture fir Jonker mat mentale Problemer. Dësen ass per Telefon a per Mail erreechbar fir déi Jonk ze beroden. Am Kader vun der Digitaliséierung imposéiert sech awer en Update vu sengem Fonctionnement.

Wärend dem Confinement hate vill Kanner a Jugendlecher keng Méiglechkeet fir Sport ze dreiwen an hire gewinnten Aktivitéiten an de Veräiner nozegoen, wat awer wichteg fir hir physesch a psychesch Gesondheet souwéi hiert Wuelbefannen ass.

déi jonk gréng fuerderen:

  • eng obligatoresch schoulesch Visitt fir all Schüler*in beim Psycholog, dat all 2 Joer nom Virbild vun de reegelméissege Consultatioune bei Generalisten. Eng Méiglechkeet géing doranner bestoe fir de SePAS personell ze stäerke fir dës Visitten ofzedecken. De Recours op Professioneller, déi hirem Beruff dauerhaft an enger bestëmmter Schoul noginn, hätt zum Virdeel, dass e Vertrauensverhältnes tëschent de Schüler*innen, déi e psycho-sozialen Encadrement brauchen, an de Psycholog*innen aus dem betreffende SePAS entstoe géing. Well een ëmmer erëm vu Schüler*innen héiert, déi dem SePAS mësstrauen, kënne mer eis awer och virstellen, dass een hei mat ausserschoulesche Psycholog*innen zesummeschafft an dat Ganzt onofhängeg vum SePAS fonctionéiere géif. Hei sollen déi verschidden Optiounen iwwerpréift gi fir déi beschtméiglechst Solutioun am Interêt vum Wuelbefanne vun de Schüler*innen ze fannen.
  • d’Abezéie vun der mentaler Gesondheet als transversaalt Thema an alle Schoulen duerch ënner anerem de Cours « Vie et société », am Kader vun der « Éducation sexuelle et affective », bei der Konschterzéiung, dem Behandele vu literaresche Wierker an am Kontext vun der Actualitéit. D’Zil muss doranner bestoe fir präventiv iwwert Verhalensweisen ze informéieren, déi zu enger Verschlechterung vun der mentaler Gesondheet kéinte bäidroen ewéi geeschteg Problemer, sexuell Stereotyppen a rassistesch Diskriminéierungen, souwéi mentaalt Leiden duerch oppen Diskussiounen z’enttabuiséieren. Fir dass de SePAS an esou Fäll als Uspriechpartnerin a Betruecht gezu gëtt, mussen seng Onofhängegkeet an d’Confidentialitéit vun den Temoignagë garantéiert sinn.
  • d’Sensibiliséierung vun de Professeren iwwer mental Problemer, déi bei Schüler*innen optriede kënnen. Dës muss souwuel an der Formation de base wéi och duerch Formation continue geschéien. D’Zil muss doranner bestoe fir dass d’Professere fäeg sinn, ze erkennen, wann et hire Schüler*inne mental schlecht geet an dass tëschent de Professeren an hire Schüler*innen eng gutt Kommunikatiounsbasis besteet, soudass d’Schüler*innen sech net scheien, sech hinnen unzevertrauen, wann et hinne mental schlecht geet.
  • dass d‘Schoulen fakultativ Formatiounen ausserhalb vun de reguläre Schoulzäiten ubidden. Dës solle vum SePAS gehale gi mam Zil, d’Selbstvertraue vun de Schüler*innen ze stäerken an hir sozial Kompetenzen ze fërderen ewéi et z. B. am Lycée Bel-Val bezüglech de Mosaiks-Klassen de Fall ass.
  • eng besser Informatioun iwwert déi existéierend Hëllefsservicer an de Schoulen.
  • d’Schafe vun der Méiglechkeet fir dass de ,,KannerJugendTelefon‘‘ oder de SePAS per SMS oder Whatsapp kontaktéiert kënne ginn, woubäi d’Confidentialitéit an den Dateschutz garantéiert musse ginn.
  • d’Aféiere vun Therapien nom Virbild vu ,,Better Help‘‘, wou een sech online ka berode loossen. Dëst kann eng Optioun si fir Leit, déi Retizenzen hunn fir sech enger Psychologin unzevertrauen.
  • • d’Ausschaffe vun engem sanitäre Konzept an de Schoulen fir d’Ofhale vu sportlechen a kulturellen Aktivitéiten weiderhin ze erméiglechen am Fall vun engem weidere Confinement.

Universitéit

Student*inne gehéieren zu de besonnesch marginaliséierte Gruppen am Kontext vun der Pandemie. An enger Liewensphas, wou de Kontakt mat anere Mënschen extrem wichteg ass, leiden si besonnesch ënnert der Einsamkeet. Am stäerkste sinn déi jonk Mënsche betraff, déi rezent mat hirem Studium ugefaangen hunn an där hire gesamten Dagesoflaf sech virum Ecran ofspillt ouni dass se d’Méiglechkeet hunn, hir Matstudent*inne richteg kennenzeléieren. D’mental Gesondheet vun de Student*innen däerf dofir net vergiess ginn an et musse Weeër fonnt gi fir hinnen de Kontakt zu anere Leit trotz Pandemie ze erméiglechen.

Derbäi kënnt, dass duerch d’Pandemie vill Studentenjobs ewechgefall sinn, wouduerch de Finanzement vum Studium erschwéiert gi kann. Dës kann eng weider mental Belaaschtung fir déi Betraffen duerstellen. Hei begréisse mir et awer, dass d’Chamber op Initiativ vum Héichschoulministère scho reagéiert huet andeems Student*innen, déi am Summersemester 2020 ageschriwwe waren, e supplementäert Semester vun de Studiebäihëllefe profitéiere kënnen an de Kontroll vun den erbruechte Leeschtunge fir Bachelorstudent*innen ëm ee Joer no hanne verréckelt gouf.

déi jonk gréng fuerderen:

  • e konstanten Suivi vun der mentaler Gesondheet vun de Studentinne soulaang d’Pandemie undauert.
  • den Opbau vun enger gratis psychologescher Betreiungsoffer fir Student*innen, nom Virbild vun den « chèques psy » a Frankräich.
  • d’Schafe vun enger Austauschplattform, wou Student*innen sech kenneléieren a virtuell oder physesch treffe kënne fir der Isolatioun ze begéinen. Dëst géif de Student*innen erëm e gewëssent Sozialliewen erméiglechen, natierlech am Respekt vun de sanitäre Reegelen.
  • en enke Suivi vun den Effete vun den adaptéierte Studiebäihëllefen. Am Moment si Student*innen, déi am akademesche Joer 2020/21 mat hirem Studium ugefaangen hunn, vun dëse Bestëmmungen ausgeschloss. D’Pandemie huet sech awer ganz staark an den Hierscht- a Wanterméint verbreet mat allen Aschränkungen, déi domadder och fir d’Student*inne verbonne waren. Dofir fuerdere mir eng Reflexioun zur Fro, ob déi extra Bäihëllefen net och fir Student*innen, déi 2020/21 ugefaangen hunn, gëlle solle fir ze verhënneren, dass Leit, déi hire Studium ënner schlechte Konditiounen ugefaangen hunn a sech doduercher ëmorientéieren, benodeelegt ginn.

Aarbecht

D’Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt an de Fait, dass béid Elterendeeler an der Reegel schaffen, bréngen eng Rei vun Erausfuerderunge mat sech fir d’Trennung vun Aarbechts- a Privatliewen ze garantéieren an eng gutt Work-Life-Balance ze hunn. Dës stelle wichteg Facteure bei der mentaler Gesondheet duer.

Nieft der Zäit op der Aarbechtsplaz an där fir d’Care-Aarbecht bleift dem Mënsch kaum Zäit fir sech ze erhuelen oder sech benevole ze engagéieren. Dëst ass oft verbonne mat Stress, dee bis zu Burn-out féiere kann, wouduerch och ëmmer méi héich Gesondheetskäschte fir d’Gesellschaft entstinn.

Duerch d’Digitaliséierung si Smartphonen, Tabletts a Laptoppen oft e festen Deel vum Aarbechtsliewe ginn. Well dës iwwerall kënne benotzt ginn, verschwënnt d’Grenz tëschent Aarbechts- a Privatliewen ëmmer méi.

déi jonk gréng fuerderen:

  • e Recht op Teleaarbecht wärend 2 Deeg an der Woch bei deene Beruffer wou dat méiglech ass, fir esou eng besser Work-Life-Balance hierzestellen. Generell muss d’Teleaarbecht esou encadréiert ginn, dass souwuel de Chancë wéi de Risike Rechnung gedroe gëtt.
  • eng allgemeng Reduzéierung vun der Wochenaarbechtszäit. Dëst kann zu enger méi gläichberechtegter Opdeelung vun de Care-Aarbechten féieren, wann doduerch manner Haushälter gezwonge sinn ze entscheeden, wéi eng Persoun Deelzäit schafft – well dëst betrëfft meeschtens Fraen.
  • d’Aféiere vun engem ,,Recht op Deconnexioun‘‘. Esou e Reegelwierk géif ënner anerem beinhalten, dass Salariéen ausserhalb vun hirer Aarbechtszäit net méi op elektronesch Kommunikatioune reagéiere missten, d’Mailprogrammer beschtefalls esou programméiert ginn, dass si se just wärend hirer Aarbechtszäit empfänke kënnen an d’Entreprisen dozou ugehale ginn, kloer Zäitfënsteren op hire Websäiten unzeginn, an deenen op elektronesch Kommunikatioune reagéiert gëtt. Esou gëtt séchergestallt, dass Salariéeën no hirer Aarbecht besser ofschalte kënnen.
  • d’Unerkennung vu Burn-out als Beruffskrankheet. Dëst géif weisen, dass psychesch Krankheete genausou eescht geholl gi wéi physescher.

Diskriminéierung a Mobbing

2017 huet bal all sechst*e Schüler*in (15,7%) bei enger PISA-Studie uginn, reegelméisseg Affer vu Mobbing a senger Schoul ze sinn. Bal all zéngt*en (8,6%) huet sech beklot, reegelméisseg d’Zil vu Spott a Lästere ze sinn a souguer 3,5% hunn uginn, an der Schoul geschloe ginn ze sinn.[5] Dobäi kënnt, dass Hautfaarf, sexuell Orientéierung an Identitéit, Handicappen an de sozioekonomeschen Hannergrond kënnen dozou féieren, dass Jugendlecher méi staark vu Mobbing betraff sinn. Soubal Jugendlecher gläichzäiteg zu e puer benodeelegte Gruppe gehéieren, geroden se oft a Situatiounen, wou se aus méi wei engem Grond diskriminéiert ginn. Nieft dem Mobbing an der realer Welt, wéi z. B. am Schoulhaff oder um Fussballsterrain, ass en och verstäerkt am digitale Raum present. Dës Erfarunge friessen Energie, veronsécheren, traumatiséieren, reduzéieren d’Selbstbewosstsinn an am schlëmmste Fall de Liewenswëllen.

déi jonk gréng fuerderen:

  • méi eng héich Visibilitéit vu Servicer wéi ,,BeeSecure‘‘ an de Schoulen an dat scho vum Fondamental un, fir d’Kanner op d’Risike vum Internet opmierksam ze maachen a fir dass se wëssen, wouhinner se sech am Fall vu Cyber-Mobbing wende kënnen.
  • dass all Schoul aus dem Fondamental een/eng Uechtsamkeetsbeoptraagte kritt fir mat de Kanner Moyene ze léieren, wéi ee mat sech an deenen aneren ëmgeet. (Beispill Gemeng Käl/Téiteng)
  • dass all Lycée op Schüler*innemediatioun setzt fir bei Konflikter tëschent Schüler*inne Léisungen ze fannen. Méi al Schüler*inne kréien heibäi Formatioune fir bei Konflikter tëschent méi jonke Schüler*innen ze vermëttelen. Domadder droen se dozou bäi, dass dës bereet sinn, déi Problemer, déi an hirer jeeweileger Klass bestinn, oppen unzeschwätzen an esou kann de Problem besser geléist ginn. Eng däraarteg Approche ass manner hierarchesch a sécherlech ass et fir munch Schüler*inne méi einfach fir mat Matschüler*innen iwwert hir Problemer a Suergen ze schwätzen ewéi mam Léierpersonal.
  • d’Promotioun vun enger intersektioneller Perspektiv op all d’Forme vun Diskriminéierung a Mobbing. Dës gëtt der Komplexitéit vun den ënnerschiddleche Liewensrealitéite vun de Schüler*inne gerecht an et erlaabt, déi pedagogesch Ënnerstëtzung deementspriechend individuell unzepassen.

Häuslech Gewalt

De staarken Ustig vun der Teleaarbecht als Konsequenz vum Confinement duerch de COVID-19 huet sech fir vill Leit positiv op d’Work-Life-Balance ausgewierkt. Experte warnen awer, dass dës Situatioun fir vill Fraen a grad och fir Kanner geféierlech kéint sinn, wa Konflikter a Sträit, oft ausgeléist duerch d’Zesummeliewen op enkstem Raum, a Gewalt ëmschloe kéinten. D’Generalsekretärin vum Europarot zu Stroossbuerg geet dovunner aus, dass Kanner a Frae wärend dem Lockdown engem méi héije Mëssbrauchsrisiko ausgesat waren, ewéi nach virun der Pandemie. Och de Ruff no Hëllef iwwer Telefon kann an esou Fäll méi schwéier sinn.

Obwuel zu Lëtzebuerg sexuell Gewalt an eng onmënschlech Behandlung vu Kanner duerch verschidde Gesetzer ënnert Strof stinn[6], gehéiert Gewalt nach ëmmer fir vill Kanner zum Alldag. Gewalt kann sech bei de betraffene Kanner negativ op d’Entwécklung vum Gehier an op d’Gesondheet, op d’Verhalen (z. B. méi grouss Ufällegkeet fir Depressiounen) mee och op d’Léieren auswierken, an doduerch och schoulesch Leeschtunge beanträchtegen.

déi jonk gréng fuerderen:

  • d’Aféierung vun engem « Observatoire de la violence » fir Statistiken iwwer häuslech Gewalt op eng professionell Aart a Weis ze erhiewen an ze analyséieren. En Deel vun dëser Struktur kéint och eng « Maison de l’enfant » sinn, wou am Fall vun häuslecher Gewalt un oder bei Mannerjäregen alleguerten déi néideg Schrëtt, vun der Diagnos bis zur Behandlung, zentraliséiert an esou vereinfacht ginn.
  • eng Moderniséierung vu Plattformen, un déi betraffe Kanner a Jugendlecher sech wende kënnen, andeems méi staark op Chatfunktiounen a Kontaktopnam iwwer sozial Medie gesat gëtt (cf. Kapitel « Schoul »).
  • dass am Kader vun engem weidere Lockdown genau iwwerpréift gëtt, awéifern d’Schoulen a Maisons Relaisen zougemaach musse ginn. Dës stellen oft e wichtege Refuge fir Kanner duer a ginn hinnen d’Méiglechkeet, sech enger Kontakt- an/oder Vertrauenspersoun unzevertrauen.
  • e Changement vun de gesellschaftlechen Normen ronderëm déi physesch, verbal a mental Gewalt, déi momentan vill dozou bäidroen, dass dëse Sujet net genuch an der Ëffentlechkeet behandelt gëtt. Dëst ass nëmme méiglech, wa Querschnettsfäegkeete wéi Empathie, Respekt, Afillungsverméigen a Selbstwäertgefill vun Ufank un an de schouleschen Institutioune behandelt a geléiert ginn.

Suicide

Zu Lëtzebuerg kämpfe virun allem Fraen a Jugendlecher/jonk Erwuessener mat Depressiounen.[7] Psychesch Erkrankungen ewéi Depressiounen, Angschtstéierungen oder Burn-out kënnen zu Risikofacteure ginn, déi am schlëmmste Fall zu engem Suicide féiere kënnen. Estimatiounen no gouf et am leschte Joer ronn 1.200 Suicideversich[8] zu Lëtzebuerg. Dës Suicidestatistike stellen dofir eng grouss Erausfuerderung duer. D’Stigmatiséierung vu psycheschen Erkrankungen a Suicidalitéit stellen an deem Kontext och weiderhin e Problem duer. Tabuiséierung bremst de Fortschrëtt an der Betreiung vu betraffene Leit a bei der Preventioun of, wat dozou féiert, dass de Suiciderisiko weider klëmmt.

Medie maachen en Deel vun eisem Sozialisatiounsprozess aus a formen eist Verständnis vu Rollebiller, Wäerter a sozialen Normen. Duerch verschidde visuell Medie gi Kanner scho vun engem jonken Alter u mat Stereotyppe vu Suicide a psychesche Krankheete konfrontéiert. An den Noriichte gëtt oft onsensibel mat Suiciden am Allgemengen a besonnesch mat Prominentesuiciden ëmgaangen – de Fokus läit méi um Suicideakt an der Suicidemethodik ewéi um komplexe Krankheetsverlaf, deen zu dësem Doud gefouert huet. Eng verzerrt Duerstellung vu psychesche Krankheeten a Filmer (z. B. d’Gläichstellung vu Schizophrenie a multipeller Perséinlechkeetsstéierung; de Cliché vum gewaltbereeten, psychesch kranke Mënsch) dréit och zu enger Stigmatiséierung vu psychesch kranke Mënsche bäi. Och gëtt d’Behandlung vun dëse Krankheeten oft falsch duergestallt. Beispillsweis ginn a Filmer oft Psychotherapeut*inne mat Psychiater*innen oder Psychoanalytiker*innen (à la Sigmund Freud) gläichgestallt.

déi jonk gréng fuerderen en oppenen, enttabuiséierten a sensibelen Ëmgang mam Thema Suicide a mat psycheschen Erkrankungen duerch:

  • eng breetgefächert Suicidepräventioun, virun allem an de Schoulen. D’Léierpersonal muss deementspriechend forméiert ginn.
  • geziilte Support vu Kanner a Jugendlechen bei engem Suicidefall an der Schoul oder am direkten Ëmfeld.
  • eng sensibel Berichterstattung an de Medien. Wann iwwert e Suicidefall bericht gëtt, solle keng Informatiounen iwwert d’Ursaache bekannt gemaach (→ ze komplex) oder d’Suicidemethod detailléiert beschriwwe ginn (→ dat ka bei Persoune mat engem Suicidrisiko zum Ausléiser an enger kritescher Phas vun der Erkrankung ginn). Amplaz vu sensatiounsträchtege Berichter soll iwwert d’Ulafstellen an d‘Hotlines informéiert ginn. Suicide soll als Konsequenz vun enger behandelbarer Erkrankung duergestallt ginn. D’Medie stinn an der Verantwortung fir ze weisen, datt suizidal Krisen an deenen allermeeschte Fäll bewältegt kënne ginn. Medizinerinne vun der Universitéit Wien hunn erausfonnt, dass no Berichter iwwer Léit, déi selwer Suicidalitéit erlieft hunn an doranner duerleeën, wéi se domadder ëmgaange sinn, an ewéi se do erëm erauskomm sinn, d’Suicideraten erofgaange sinn.[9]
  • Filmer an aner visuell Medie kënnen e wichtegt Sensibiliséierungs- an Opklärungsinstrument duerstellen. Déi verzerrt Duerstellung vu Suicide, psychesche Krankheete souwéi hirer Behandlung a Filmer huet en negativen Impakt op d’Astellung vun der Gesellschaft géigeniwwer betraffene Persounen. Fir enger gesellschaftlecher Stigmatiséierung entgéintzewierken a psychesch Kranker doranner ze bestäerken, professionell Hëllef unzehuelen, ass eng gesellschaftlech Sensibiliséierung noutwenneg. Elteren, Filmkritiker*innen, Pädagog*innen, Filmproduzent*innen, Kinobedréiwer*inne kënnen all zu engem verantwortungsbewossten Ëmgang mat Medie bäidroen. Filmer, Zeitungsartikelen, Bicher, etc., an deene Stereotyppe propagéiert ginn, solle kritesch diskutéiert ginn.
  • weiderhin eng konsequent Ëmsetzung vum Suicideplang vun 2015.

Beruff vum Psychotherapeut a Psycholog

Zu Lëtzebuerg besteet scho säit e puer Joer e gesetzleche Kader iwwert de Beruffsstatut vun de Psychotherapeut*innen, wouduerch de Remboursement vu Psychotherapië vun der Krankekeess theoretesch méiglech wier. Bis elo gouf awer keen Accord zu de Modalitéite fir dësem Remboursement fonnt. Am Kontext vum Confinement a sengen Auswierkungen op déi mental Gesondheet vun de Leit huet dëst Thema un Aktualitéit gewonne well elo viraussiichtlech méi Leit Bedarf no psychotherapeutesche Behandlungen hunn. Fir eis ass et eng absolut Prioritéit, dass hei endlech en Accord tëschent der Vereenegung vun de Psychotherapeut*innen, der Fapsylux, an der Gesondheetskeess fonnt gëtt, wat de Beruffsprofil vum Psychotherapeut an de Remboursement vu psychotherapeuteschen Déngschtleeschtungen ugeet. Dobäi mussen d’Wuel vun de Patient*innen an den universellen Zougang zu psycho-medezineschen Déngschtleeschtungen am Virdergrond stoen.

Aner Erausfuerderunge wéi de Personalmangel oder d’Digitaliséierung vum Gesondheetswiesen hunn duerch d’Pandemie eng verstäerkten Opmierksamkeet kritt, dofir mussen hei adequat Konzepter ausgeschafft an implementéiert ginn

déi jonk gréng fuerderen:

  • d’Aféiere vun engem Recht op 5 Seancë pro Persoun bei der Psychotherapeutin, déi d’office vun der CNS rembourséiert ginn. Mir schléissen eis hei dem Constat vun der Fapsylux un, dass 1 Sëtzung esou wéi vun der CNS gefuerdert, net duergeet fir eng Diagnos ze erstellen a fir dass eng Vertrauensrelatioun tëschent Patient*in an Therapeut*in entsteet.[10] Kuerzfristeg kënne mir domadder liewen, wann de Patient vu sengem Referenzdokter muss bei de Psychotherapeut geschéckt ginn. Mëttelfristeg soll dat awer net méi noutwenneg sinn, well sech e psychesche Problem net mat physesche Problemer vergläiche léisst, z. B. Problemer mam Fouss, wouduerch ee bei de Kiné geschéckt gëtt, wat iwwert d‘Referenzdoktesch fonctionéiert, wärend bei psychologesche Problemer oft Hemmunge besti fir sech engem unzevertrauen an de Gang bei de Referenzdokter hei eng onnéideg Hürd duerstellt. Och ass engem ausgebilte Psychotherapeut éischter zouzetrauen, eng adequat Diagnos bei psychologesche Problemer ze erstellen. No deene 5 Seancë soll d’Psychotherapeutin e Rapport fir d’CNS erstellen an op där Basis soll dann decidéiert ginn, op d’Behandlung weider rembourséiert gëtt an a wéi engem Ëmfang. En däraartegen Usaz entsprécht eisem Grondsaz, dass déi preventiv Medezin Prioritéit genéisse muss. Eise Modell gesäit vir, dass Leit mat mentale Problemer onkomplizéiert an onofhängeg vun hirem Akommes fréi Zougang zu professioneller Hëllef kréien, wouduerch eventuell verhënnert gëtt, dass se Medikamenter huele musse fir hire Problem ze léisen. Dëst géif och zu enger Entlaaschtung vun de Psychiater*inne bäidroen.
  • de Respekt vum Dateschutz am Kontext vu psychotherapeutesche Behandlungen. De Rapport, dee vum Psychotherapeut un d‘CNS geschéckt gëtt, steet ënnert der dokterlecher Schweigeflicht, a soll nëmme vun deem Dokter, deen den Avis erstellt, duerchgelies däerfe ginn, a net vu reguläre Fonctionnair*innen.
  • den Opbau vun engem Psychotherapie- a Psychologie-Studium zu Lëtzebuerg souwéi d’Opwäertung vum Beruffsstatutt vun der Psychiaterin fir dem Personalmangel an deem Beräich entgéintzewierken.
  • déi dauerhaft Etabléierung vun der Optioun, Online-Consultatiounen ofzehalen. Dës däerfen awer ëmmer nëmmen eng Ergänzung zu reguläre Psychotherapien en présentiel sinn an dem Patient net opgezwonge ginn. Den Dateschutz muss natierlech garantéiert sinn.
  • d’Festleeë vu klore Critèren op Basis vun der Ausbildung fir de Beruff vum Psycholog als Gesondheetsberuff unzëerkennen.

[1] Child and adolescent mental health (WHO) https://www.euro.who.int/en/health-topics/noncommunicable-diseases/mental-health/areas-of-work/child-and-adolescent-mental-health.

[2] Rapport ORK (2018), S. 38: http://ork.lu/files/Rapports_ORK/RAPPORT_ORK_2018.pdf; Adolescent mental health, Key Facts (WHO): https://www.who.int/news-room/fact-sheets/detail/adolescent-mental-health.

[3] https://statistiques.public.lu/catalogue-publications/regards/2020/PDF-08-2020.pdf.

[4] Wie Kinder in der Corona-Krise leiden (Tagesschau, 10.07.2020) https://www.tagesschau.de/inland/coronakrise-kinder-101.html.

[5] PISA 2015 Results – Collaborative Problem Solving Volume V. https://www.oecd-ilibrary.org/education/pisa-2015-results-volume-v_9789264285521-en;jsessionid=7ZG-yOnhnQeYFExPHwjjJlVs.ip-10-240-5-101.

[6] Loi du 16 décembre 2008 relative à l’aide à l’enfance et à la famille http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2008/12/16/n4/jo. Loi du 21 février 2013 relative à la lutte contre les abus sexuels et l’exploitation sexuelle des enfants et portant modification de plusieurs dispositions du Code pénal http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2013/02/21/n2/jo#j.

[7] Fraen a Jonker zu Lëtzebuerg am heefegste mat Depressioune geplot (RTL, 16.02.2020) https://www.rtl.lu/news/national/a/1470980.html?fbclid=IwAR0pDFmyzQ11FhLMTB2egmh7JfUVYn8CtCqKMUKcQX8-N5bBxVOkl1szAkY.

[8] Luxemburger Wort vum 4./5. Juli 2020, S. 29.

[9] Wie Medien Suizide verhindern können (Deutschlandfunk, 01.06.2020)
https://www.deutschlandfunk.de/heikle-berichterstattung-wie-medien-suizide-verhindern.2907.de.html?dram:article_id=477672.

[10] Psychotherapie: „Spießrutenlauf für Patienten“ (Luxemburger Wort, 13.12.2019)
https://www.wort.lu/de/politik/psychotherapie-spiessrutenlauf-fuer-patienten-5df28006da2cc1784e351ea1?fbclid=IwAR2nNFZgb3cEQeblc4FJ2LxleCaggdJHov4G4CdE5UT_OlRVVmt3r3gwC_w.