Summercamp 2013

summercamp_slider

 

 

 

 

 

 

 

 

déi jonk gréng invitéieren dech häerzlechst op hiren Summercamp 2013. Wéi all Joer huelen mir ons ee Weekend Zäit vir zesummen iwwert aktuell Themen ze diskutéieren an natierlech och zesummen ze féieren.

Wéi der iech kënnt denken, wäerten mir dëst Joer vill iwwert de Wahlkampf 2013 diskutéieren an och onsen Wahlprogramm unhuelen.

Hei de genauen Programm vun dësem Joer:

6.9.2013:

11:00 Arrivée & Comité /Arrival
12:30 Gemeinsamt Mëttegiëssen/Lunch
14:00 Social Media Workshop “Best Practices” and how to discuss in Social Media 16:00 Wahlprogramm DJG / DG Prioritéiten an Fine-Tuning
19:00 Owendiëssen/Dinner STAMMDËSCH & GRILLOWEND Owesprogramm Leisure

7.9.2013:

8:00 Breakfast
10:00 Wahlprogramm-Debatte
12:00 Mettegiessen
13:30: Institutiounen zu Letzebuerg – Meris&Claude 15:00 Kreativworkshop mam Jennifer
17:00 Wahlkampagne Debatte
18:00 Extraordinaire A.G
20:00 Owesiëssen Soirée

8.9.2013

8:00 Reveille & Breakfast
10:00 Workshop& Training Aktivismus / Brainstorm Campagne 12:00 Picknick um Séi/Mettegiëssen
14:00 Aktivitéiten Sport, etc
Open-End

Leider hu mir nëmmen begrenzten Platzen an dofir bieden mer iech, iech beim Kim Greis (kimgreis@pt.lu) unzemellen wann dir wëllt déi 3 Deeg do schlofen. Onkäschtebedeelegung leit bei 15€ pro Persoun.
Natierlech kënnt dir awer och just een Daach bis laanscht kommen, Dieren vun der Jugendherberg sinn ëmmer op. An der Hoffnung iech op onsem Summercamp begréissen ze kënnen, wënschen mir iech nach e puer schéin Summerdeeg.

Comité vun déi jonk gréng

 

Invitatioun als Download