Summercamp Ostend 2019

Dëst Joer hunn mer decidéiert eisen traditionelle Summercamp zu Ostende ze maachen, vum 30. August bis den 1. September.
Um Programm steet haaptsächlech Teambuilding an entspanen no deenen zwee ustrengende Wahlkämpf déi hannert eis leien.
Et gëllt awer och datt mer eis iwwerleeën ewéi mer eis besser organiséiere kënnen an wéi mer an Zukunft funktionéiere wëllen.
De Summercamp fänkt Freides Owes un an hält op Sonndes Mëttes. Dir musst och net fir de ganze Programm kommen.
Fir sech unzemellen, dësen google form ausfëllen bis den Meinden 19. August.