Vive d’Steiergeldverschwendung an d’Intransparenz!
Ass elo déi richteg Zäit, fir Milliounen u Steiergelder fir eng iwwerdriwwen Trounwiesselszeremonie auszeginn? Nee! Den Aarmutsrisiko klëmmt, mir duerchliewen eng Logementskris, néideg Subside géint de Klimawandel goufe gekierzt, d’Flüchltingsinfrastrukture falen auserneen, an an an. Vive d’Steiergeldverschwendung an d’Intransparenz!
D’Stad Lëtzebuerg, de Staat a vill Gemengen am Land, notamment Gréiwemaacher, Wolz, Stengefort an Diddeleng, dierften am Kader vun de Feierlechkeete fir den Trounwiessel insgesamt Milliounen un ëffentleche Gelder ausginn. Bis elo huet just Diddeleng bekannt gemaach, dass si dofir provisoresch 500.000€ geléint hunn. Wat am Rescht vum Land un ëffentleche Steiergelder dofir ausgi gëtt, ass ëffentlech net bekannt.
Den Haff kritt all Joer e Budget vun ongeféier 20 Milliounen Euro aus Steiergelder an den alen, sou wéi den neie Grand-Duc kréien zesummen zousätzlech eng Pai vun 838.000€, och aus ëffentleche Gelder. Dat an Zäiten, wou d’Politik hei am Land dréngend Problemer net an de Grëff kritt, well dofir entweder déi néideg Steiergelder feelen oder d’Subside gekierzt ginn. Soll mat der Party vum Joerzéngt vun de Problemer an de Pensiounen, dem Logement, beim Aarmutsrisiko, dem Klima, der Ëmwelt, dem Gesondheetssystem, de Flüchtlingsinfrastrukturen asw. ofgelenkt ginn – Opium fir d’Vollek?
Ugesiichts vun dësem Skandal fuerdere mir:
- Voll Transparenz iwwer d’Käschte vun de Feierlechkeeten zum Trounwiessel.
- Zukünfteg Feierlechkeete fir den Haff sollen och vum Haff selwer bezuelt ginn an net mat zousätzlechen, ëffentleche Gelder.
- E gesellschaftlechen a politeschen Debat iwwert d’Roll an d’Zukunft vun der Monarchie zu Lëtzebuerg.
Veröffentlicht: 10:54 03/10/2025