Wou ass d’Mënschlechkeet hin?

Dass mam Inneminister Gloden kal Zäiten iwwer Lëtzebuerg erabrieche wäerten, hu mir scho ganz fréi an der CSV-DP Regierung mam Heescheverbuet gespuert. Dass et zanterhier schlecht ëm d’Mënschlechkeet steet, war eis bewosst, mee mir goufen op en neits iwwerrascht, wéi dem Alborz Teymoorzadeh seng Openthaltserlaabnis net verlängert gouf.


Den Inneministère ass net kohärent an der Erklärung, firwat déi Entscheedung gefall ass. Ufanks huet et geheescht, dem Alborz seng Aarbechten hätten “pas de véritable plus-value en termes d’intérêts économiques pour le Luxembourg ne servent pas réellement les intérêts du pays et ne peuvent pas être considérées comme une intégration dans le contexte économique national ou local“. An anere Wierder: Géif den Alborz bei enger decker Boîte schaffen a Suen an d’Land erabréngen, dann dierft hie bleiwen. Am selweschten Artikel vum Immigratiounsgesetz, op déi dës Argumentatioun baséiert, steet allerdéngs och, dass eng Persoun bleiwen dierf, wa se “termes d’intérêt social ou culturel” erfëlle géif, wat hei de Fall ass.


Mëttlerweil huet den Inneministère d’Argumentatioun ugepasst a seet hir Entscheedung baséiert op de Fakt, dass den Alborz als fräischaffende Kënschtler net genuch Ressourcen hätt, fir mënschewierdeg zu Lëtzebuerg liewen ze kënnen an hien dowéinst net bleiwe kéint. Fakt ass, dass kaum Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg iwwerliewe kéinten, wa se keng Hëllefe vum Staat géife kréien. Dat onofhängeg vun Nationalitéit a Status.

Den Inneministère probéiert d’Schold vu sech ofzeweisen a se der Commission consultative zouzeschreiwen, well ee just hirem Avis nokomm wier. D’Gesetz gesäit vir, dass d’Commission consultative a sou engem Fall de Kulturministère mat abezéie kann, wat net geschitt ass. D’Gesetz gesäit awer och vir, dass de Ministère anescht wéi den Avis entscheeden dierf. Fir eis ass kloer: Den Inneministère an d’Commission consultative pour travailleurs indépendants hunn allebéid hir Aarbecht net richteg gemaach. Si stempelen Migrantinnen als “gutt” fir Lëtzebuerg of, wa si an der Wirtschaft schaffen an als “schlecht” wa si d’Land kulturell beräicheren. Dat ass eisem Empfannen no diskriminéierend a migrant*innefeindlech. Mir stellen eis och d’Fro, wat dat iwwert e Land auseet, souee Verhalen wéisst wéi de Prozess vun der Integratioun mat Féiss getrëppelt gëtt.


Mir fuerderen:
• Eng Entschëllegung un den Alborz an un de kulturelle Secteur vum Inneministère.
• Eng Verlängerung vun der Openthaltserlaabnis vum Alborz.


Mir widderhuelen eis Fuerderung vum Récktrëtt vum Här Gloden vu senge Ministerposten. Reegelméisseg stellt hie säi Mangel u Mënschlechkeet, Empathie, a Respekt um kulturelle Secteur ënner Beweis. Dat kënnt bei Wäitem net un déi néideg Dignitéit vun engem Minister erun. Lëtzebuerg huet Besseres verdéngt, wéi de Minister Gloden.

De Pressecommuniqué fannt dir hei als PDF.

Veröffentlicht: 19:58 10/10/2024