Wunnen à la luxembourgeoise

Wunnen ass en Grondbedierfnis dat fir Beruffsufänger*innen, Gerengverdenger*innen a Student*innen, also virun allem jonk Mënschen, zur Zäit net gedeckt ass. Wunne bedeit en séchert Doheem, de Start an en selbstbestëmmt Liewen, eng Platz wou een sech kann zeréckzéien. Mee wann Wunnen awer zu engem Luxus gëtt, dann heescht dat datt d’Participatioun um gesellschaftleche Liewen zu engem Privileeg gëtt, dat onofhängeg vum Porte-Monnie vun den Elteren.

Als Grond fir déi aktuell Kris gi demographesche Wuesstem, ze wéineg Neibau an eng ze lues Bürokratie genannt. Des Diagnosen ass sécher net falsch mee ze simplistesch well en den Haaptkonflikt ignoréiert: Wunneegentum vs. ëffentlechen Interêt. An engem Land wou iwwer 90% vum Bauland a privater Hand sinn (1), d’Immobiliëpräisser am Vergläich zum leschte Joer 11% an d’Luucht gaange sinn (2), an d’Spekulatioun eis de Buedem ënnert de Féiss ewechgrueft, musse mer d’Eegentumsfroo néi stellen. D’Ressource Buedem ass endlech, an d’Haus wat drop steet en Doheem. Den Ëmgang muss also ëmmer mam ëffentlechen Interêt geduecht gi an eng einfach Marchéslogik unzewenden ass en intellektuelle Feeler. Dësen Denkfeeler manifestéiert sech net nëmme bei der lächerlech niddreger Grondsteier, mee och bei den steierleche Virdeeler vun Immobilieninvestissement, déi eng reegelrecht Invitatioun fir Spekulante sinn. Wann awer d’privat Immobiliëwirtschaft en Monopol iwwert eis wichtegst Ressource huet dann entseet net nëmmen en ongesonde Wunnengsmaart mee dann ass dat och fundamental ondemokratesch.

Wann d’Salairë stagnéieren, de Locatiounssekteur absurd kleng ass an dofir onbezuelbar, ass Verscholdung zur Zäit d’Konditioun zu därer jonk Léit Accès op de Lëtzebuerger Wunnengsmaart hunn. Op Wunneegentuum ze setze fir d’Versuergungskris ze léisen ass en veraalte Model vun der Wunnraumversuergung deen onbedéngt erfrogestalt gi muss. Dësen entsprécht nämlech net méi der Liewensrealitéit vun eiser Generatioun mee riicht sech virun allem un traditionell Familljemodeller, déi no Aarbechts- an Haushaltsstrukture vum leschte Joerhonnert fonctionéieren. Den Aarbechtsmarché verlaangt mobil Aarbechtskraaft an eng modern Gesellschaft brauch flexibel an upassungsfäeg Wunnoptiounen. Mir fuerderen eng progressiv Stad- an Wunnengspolitik déi Besetz a Kapital gerecht besteiert, an den Fokus op ëffentleche Wunnengsbau an de Locatiounssekteur setzt. Mir fuerderen datt den Staat ophält massiv d’Proprietéit ze subventionéiere, a mat dëse Suen Non-Profit Acteuren ënnerstëtzt, déi am Numm vum ëffentlechen Interessi wierklech bezuelbare Wunnraum schaaffen. Och muss de legale Kader vum Locatiounssecteur moderniséiert gi sou datt net nëmmen d’Locataire geschützt a gestäerkt gi mee gläichzäiteg Raum fir alternativ Wunnformen (ewéi WGen, Wunnkooperativen, betreit Wunne fir eeler Léit…) geschaaft gëtt.

Haut sinn et net méi just déi Jonk déi Schwieregkeeten hunn fir eng Wunneng ze fannen, mee insgesamt zitt sech des Entwécklung duerch all Altersschichten an Verdéngschtklassen. En wunnengspolitesche Paradigmewiessel muss Privileegien erfro stellen, endlech Ressourcë gerecht verdeelen an en fairen Zougang zum Wunnengsmaart fir all Akommesklass garantéieren. Mir wënschen eis fir 2020 datt Wunnen à la luxembourgoise fir en sozial orientéierte Wunnengsbau, Liewensqualitéit an en demokrateschen Ëmgang mam Buedem stoe soll.

De Comité vun déi jonk gréng

Quellen:

  • European Commission, Country Report Luxembourg 2019
  • Le Logement en Chiffre, Octobre 2019

Veröffentlicht: 17:04 13/12/2019