Wunnsituatioun zu Lëtzebuerg: No Rifkin-Prozess Zäit fir ee Paradigmewiessel

djg-wunnraum-2017

Ufank Januar huet de Gilles Hempel, Direkter vun der „Agence Immobilière sociale“ am Interview op 100,7 een Opruff fir méi soziale Wunnraum zu Lëtzebuerg gemaach. Hien huet och säi Wëlle geäussert all Méiglechkeeten ouni Tabu ze diskutéiere fir déi aktuell katastrophal Situatioun um Wunnengsmaart ze verbesseren.

Bezuelbar Wunnenge sinn och fir jonk Léit, ob se studéieren oder frësch op den Aarbechtsmaart kommen an een onofhängegt Liewe starte wëllen zu Lëtzebuerg eng Draamvirstellung.

Des ausuferend héich Loyere sinn net vertrietbar. déi jonk gréng sinn deemno och der Meenung dass eng Diskussioun iwwert alternativ Wunnengsformen ouni Tabu néideg ass, fir gezielt eng Wunnengspolitik ze schaffen an där et em de Wunnraum an net d’Proprietéit geet.

déi jonk gréng fuerdere säit Joren dass ee legale Kader fir WGen geschaaft gëtt an dës och gezielt ënnerstëtzt ginn. Awer och dass Wunnkooperativen als Alternativ ëmgesat ginn, wéi et och schonn an Däitschland oder Eisterräich de Fall ass.

Am Kader vun den Iwwerleeungen zum Wuesstem an der aktueller Rifkin-Etude déi virgesäit dass an d’Zukunft de Besetz un Predominanz verléiere wäert, mussen och an der Wunnengspolitik d’Prioritéiten iwwerduecht gi fir och an dësem Dossier nohalteg Akzenter ze setzen.

Veröffentlicht: 10:01 05/01/2017