Oppene Bréif un de Luc Frieden als Reaktioun op seng Aussoen zur Klimakris

Här Premierminister,

Mat groussem Interessi hu mir Ären Neijoerschinterview bei RTL gelauschtert. Mir gi gären zou: mir hunn eis net alt ze vill erwaart. Ma mir hunn dunn awer net schlecht gestaunt, dass Dir an deem Interview d’Klimakris verharmloost a relativéiert hutt. Dass dat dach alles awer net sou schlëmm wier an dass een d’Urgence vum Klimawandel méi positiv misst gesinn. Ganz niewebäi hutt Dir och nach fossil Energien an Atomenergie schéi geschwat.

Dir hutt an deem Interview och behaapt, et misst een op nei Technologien hoffen, fir d’Klimakris ze léisen. Als jonk gréng si mir iwwerrascht iwwert esou Aussoen, den IPCC (Weltklimarot) seet dozou: „There are multiple, feasible and effective options to reduce greenhouse gas emissions and adapt to human-caused climate change, and they are available now.”

Ma wann dir net op äiskal wëssenschaftlech Fakte lauschtert, da lauschtert wéinstens op eise Grand-Duc, deen a senger Chrëschtdagsusprooch gesot huet datt d’Technologien eis wäerte viru bréngen, mee datt awer och all eenzele säi Bäitrag leeschte muss, fir dass déi nächst Generatiounen am Fridden an an Dignitéit op eisem Planéit liewe kënnen ! 3 mol Vive!

Ma falls de Grand-Duc Iech net iwwerzeegt kritt, vläicht hëllefen awer e puer äiskal oder besser gesot dinn Iech wotlech waarm Fakte vum Weltklimarot schmëlzen. De Weltklimarot huet 2023 säin 6ten Synthesis Report erausbruecht, an deem d’Aarbechte vu verschiddenen Aarbechtsgruppen, wéi och spezial Rapporten, agefloss sinn.

Mir schécken Iech heibäi de Resumé vum wëssenschaftleche Rapport fir “policy makers” (esou wéi Dir jo elo nees ee sidd… leider), do ginn d’Kärmessagë fir Politiker*innen zesummegefaasst.

Falls och dat net hëlleft, da frot mol Äre Parteikolleeg Serge Wilmes fir och sou e grénge Notizblock ze kréien, da gitt Dir vläicht och “nach mi gréng” wéi déi gréng (an zitéiert och niewebäi Mesuren aus dem grénge Walprogramm als eegen „nei“ Iddien).

Egal wéi: Déi jonk gréng stinn dozou, dass wëssenschaftlech onwidderleebar Fakten an der Politik méi wichteg sinn, wéi Är Gefiller an onwëssenschaftlech Aussoen zur Klimakris.

Mat klimafrëndleche Gréiss,

déi jonk gréng

Unhang:
Intergovernmental Panel on Climate Change – Climate Change 2023 Synthesis Report – Summary for Policymakers

Den oppene Bréif am PDF-Format gëtt et HEI.

Veröffentlicht: 15:28 10/01/2024