Mir stellen eis vir!

déi jonk gréng  –  jonk, kreativ a motivéiert fir eng besser Welt

Du wëlls net einfach nëmmen nokucke wat ronderëm dech geschitt, mee aktiv doru matschaffen eis Welt méi klimafrëndlech, sozial gerecht a weltoppen ze maachen? Da bass du bei eis genee richteg! Mir jonk gréng sinn e motivéierte Grupp vu jonke Leit bis 30 Joer, déi gären diskutéieren, méi wäit denken a sech amëschen, fir esou dat politescht Geschéien zu Lëtzebuerg aktiv matzegestalten. Mir setzen eis an  fir de Schutz vun der Ëmwelt an d’Bekämpfe vum Klimawandel, fir eng gläichberechtegt an divers Gesellschaft, déi kee fale léisst, fir eng besser Schoul, fir d’Legaliséierung vu liichten Drogen a fir eng sozial gerecht Globaliséierung. Eng ganz Rei vun eise Positioune fënns du an eisem Manifest.

déi jonk gréng goufen den 23. Abrëll 1996 gegrënnt a funktionéieren autonom vun der Mammepartei déi gréng. Mer vertrieden grosso modo déi selwecht Iddien, schaffen enk mat hinnen zesummen an sinn duerch eis béid Spriecher*innen och am Parteirot (Comité exécutif vun déi gréng) vertrueden. Et besteet eng statutaresch festgeluechten Altersgrenz, déi seet, dass ee mat méi wéi 30 Joer net méi “jonk gréng” ka sinn, mä nëmmen nach “gréng”. Soss kann awer jiddereen*t bei eis matmaachen – all Mënsch ass wëllkomm a gëtt häerzlech empfaangen.

D’Generalversammlung ass dat héchste Gremium vun déi jonk gréng. Si gëtt mindestens eemol am Joer organiséiert wou dann och di zwee Spriecher*innen an de Rescht vum Comité fir d’Dauer vun engem Joer gewielt ginn. Jiddereen, deen als Member bei déi jonk gréng  agedroen ass, gëtt op d’Generalversammlung invitéiert an huet do d’Stëmmrecht. Wärend dem Joer treffe mir eis reegelméisseg bei Comitésversammlungen fir eis politesche Prioritéiten ze beschwätzen, cool Gadgeten ze designen a flott Aktiounen/Eventer ze plangen. Donieft hu mir och reegelméisseg Stammdëscher a schaffen an Aarbechtsgruppen zu méi konkrete Sujeten.

Méi zu eisem Fonctionnement kanns du an eise Statuten an an eisem Réglement d’Ordre Intérieur noliesen: Eis Statuten & Réglement d‘ Ordre Intérieur

Eise Comité 2024:

  • Spriecher:innen:  Tammy Huberty (29) a Kris Hansen (25)
  • Trésorier: Alex Lassine (26)
  • Comitésmemberen: Iness Chakir (20), Lisa Fogens (25), Amy Winandy (26), Jasmine Winandy (17), Nic Engel (27), Maxime Pantaleoni (27) a Jakob Zenthöfer (15).
Vu lénks no riets/de gauche à droite:
Jasmine Winandy, Iness Chakir, Jakob Zenthöfer, Kris Hansen, Nic Engel, Tammy Huberty, Alex Lassine, Lisa Fogens, Amy Winandy, Maxime Pantaleoni