Unity Equality Diversity

E Kaartespill zu 100 Joer Fraewalrecht

De Geschichts-Kuer war bis elo fir dech nëmmen d’Léier iwwer al wäiss Männer? Net mat eis! Mat eisem feministesche Kaartespill brénge mir dir op kreativ Aart a Weis feministesch Zäitgeschicht méi no! 

Ronn ee Joerhonnert ass et elo hier, dass Fraen zu Lëtzebuerg dat allgemengt Walrecht kruten an domat net nëmme fir d’éischte Kéier wiele konnte goen, mee sech och selwer fir d’Parlamentswalen opsetze konnten. Fir dësen Anniversaire gebührend ze feieren, hu mir e Kaartespill erstallt mat enger Rei vu staarke weibleche Personnagen, déi mir iech wärend eisem feministesche Mount méi genee virsgestallt hunn. E grousse Merci geet un d’Studio Mila fir déi wonnerschéin Illustratiounen.

D’Jokerkaart an eisem Spill steet stellvertriedend fir déi vill feministesch Virdenkerinnen zu Lëtzebuerg, déi sech an hirem Liewen fir d’ Gläichberechtegung vun alle Geschlechter, fir déi sexuell a kierperlech, politesch a sozial Selbstbestëmmung vun alle Mënschen souwéi fir den allgemenge Respekt vun de Mënscherechter agesat hunn.


Thers Bodé (1954-1989)

Gebuertsplaz: Stad Lëtzebuerg

Beruff: Journalistin, Psychologin, Politikerin

Source: Thers Bodé (1954-1989) (fraendag.lu)

Thers Bodé war hiert Liewe laang engagéiert an der Friddensbeweegung, der Anti-Atom an der Ëmweltbeweegung, mee och fir d’Gläichberechtegung vun de Geschlechter an der lëtzebuergescher Gesellschaft. Als Journalistin fir de GréngeSpoun (de Virleefer vun der haiteger woxx) huet si ëmmer erëm Sujeten opgeworf, déi an den 80er Joren éischter schockéiert hunn: Kritik un der traditioneller Duerstellung vun der Fra oder un der Aarbechtsdeelung tëscht Mann a Fra.

Thers Bodé war ausserdeem Matbegrënnerin vun der grénger Partei zu Lëtzebuerg an huet des virun allem duerch hier feministesch Engagementer gepräägt. Sie huet sech zum Beispill erfollegräich dofir agesat, dass déi  jonk Partei fraefrendlech intern Reegelen a Statute krut: paritéitesch Riednerleschten, paritéitesch besate Gremien a Wallëschten an de sougenannten „Genderrot“ sinn haut e feste Bestanddeel vun der grénger Partei. 1989 gëtt si an d’Chamber gewielt, mee verstierft no schwéierer Krankheet, ier dass si hiert Mandat untriede kann.


Elsy Jacobs (1933-1998)

Gebuertsplaz: Stad Lëtzebuerg

Beruff: Vëlossportlerin

Elsy Jacobs ass zu Garnech mat 6 Bridder opgewuess an huet an hirer Kandheet a Jugend vill Zäit um Coursevëlo verbruecht. Anescht wei hir Bridder, konnt d’Elsy Jacobs awer keng Coursen zu Lëtzebuerg fueren, well deemools keng Fraen zougelooss waren. Dowéinst ass si vill an der Belsch an a Frankräich gefuer, wou hier Lizenz unerkannt gouf. 1958 huet déi lëtzebuergesch Vëlosfederatioun d’Statutten wéinst dem Elsy Jacobs geännert an ab deem Moment konnt si dunn och Coursen zu Lëtzebuerg fueren. 

Den 30. August 1958 fënnt zu Reims a Frankräich déi alleréischt Fraeweltmeeschterschaft statt. D’Elsy Jacobs fiert mat a gewënnt als éischt Fra den Weltmeeschtertitel. E puer Méint méi spéit brécht d’Elsy Jacobs zu Mailand de Stonneweltrekord. Dëse Rekord vun 41,347 km gouf réischt 14 Joer méi spéit gebrach. No dësenm Succèsen op der internationaler Bün goufen dunn och zu Lëtzebuerg Coursëen fir Fraen organiséiert. Den lëtzebuergeschen Meeschtertrikot huet d’Elsy Jacobs vun 1959 bis 1974 gedroen. Zanter 2001 gëtt all Joer den 1. Mee „d’Ranndonnée Elsy Jacobs“ an hirer Heemeschtuertschaft Garnech organiséiert.


Marguerite Thomas-Clement (1886-1979)

Gebuertsplaz:  Stad Lëtzebuerg

Beruff: Léierin, Politikerin

Source: Marguerite Thomas-Clement (1886-1979) (fraendag.lu)

1919 gouf d’Fraewalrecht agefouert. Vu véier Kandidatinne gouf mat der Sozialdemokratin Marguerite Thomas-Clement och eng Fra an d’Chamber gewielt. An dëser mécht si sech schnell en Numm duerch d’Uschwätze vu politesche Sujeten, wou et ëm d’Rechter vu verschiddene Gruppe vu Frae geet.

Si setzt sech an fir eng Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen an der Stolindustrie a beim Staat, fir besser hygienesch Bedéngungen an der Stater Gebuertsklinik a fir en Enn vun der pauschaler Inhaftéierung vu Prostituéierten, déi duerch ustiechend Krankheeten an de Prisong komm sinn. Och deposéiert si e Gesetzesvirschlag, dee virgesäit, dass no der politischer och déi zivil an ekonomesch Gläichstellung vun de Geschlechter ëmgesat gëtt, dat ouni Erfolleg. Si war bis 1931 an der Chamber, woubäi si 1924 enger radikal-sozialistescher Gruppéierung bäigetrueden ass. Et sollt bis 1965 dauere bis déi nächst weiblech Deputéiert an d’Chamber gewielt gouf. 1924 gouf si Schäffin an der Stad Lëtzebuerg.


Colette Flesch (*1937)

Gebuertsplaz: Stad Lëtzebuerg

Beruff: Fechterin, Politikerin

Source: The MEP Colette FLESCH during a session in Strasbourg in September 1979. – Multimedia Centre (europa.eu) © European Union 1979 – EP

Scho fréi huet d’Colette Flesch sech als Fechterin en Numm gemaach. Si huet un dräi olympesche Spiller deelgeholl a gouf 1967 zur Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer gewielt. D’Joer 1969 markéiert dann de Startpunkt fir eng villfälteg politesch Karriär. Vun 1969 bis 1980 war si Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg. Si souz mat Ënnerbriechunge wärend 22 Joer an der Chamber a wärend 17 Joer am Europaparlament, dëst zum Deel gläichzäiteg. Als Chambersdeputéiert huet si sech virun allem fir d’Gläichberechtegung vu bestuete Frae par Rapport zu hire Partner agesat, déi duerch entspriechend Gesetzer an de Jore 1972 an 1974 ëmgesat gouf. An den 1980er Joren war si Presidentin vun der DP an och fir 5 Joer Presidentin vun den europäesche Liberalen. Vun 1980 bis 1984 war d’Colette Flesch Vizepremier an Ausseministesch souwéi Ministesch fir Aussenhandel, Kooperatioun, Wirtschaft, Mëttelstand a Justiz. Nieft dem Sport an der Politik huet si nach zäiteweis a verschiddene Funktiounen an den EU-Institutioune geschafft.